liest hei drënner mol de Mail deen ech vun engem Kolleg gescheckt krut.
(ech hun de numm allerdéngs gewiesselt, well ech net wees, ob deen sou
100%eg averstaanen as, datt ech säin Ierger hei public machen ;-) )
-----Message d'origine-----
De : john doe [mailto:john...@v0x.lu]
Envoyé : mardi, 27 juillet 2004 11:32
À : marc.______@__.etat.lu;
Objet : putain bordel de merde
Salut tout le monde,
pour revenir sur mon message de hier et ça compte surtout pour mes amis
français(es) :
continuez à utiliser mon ancien numéro de téléphone, le 021 0x 22 1y
parce-que ce nouveau réseau de merde ne marche pas encore comme il faut,
surtout pas à l'étranger ! Sorry !
Steven Hansen <redhe...@web.de> wrote in alt.letzebuerger:
Klengt jo net grad gudd. Wees zwar net wat nach net sollt fonktionéiren?
War mer demols den éischten Dag selwer eng Prepaid Kaart sichen, an
ausser dat ech den Dag drop domat voll Freed an d'Vakanz gefuer sin an
den Moment nach keen eenzegen Roaming Vertrag mat aaneren Provideren
existéiert huet, ass awer vun Ufank un alles gaang ;)
--
Federico Gentile
e-Mail: no0dle(at)iceberg.lu
Ech froën mech souwiesou firwat dat souvill Léit (direkt!) hun misse
wiesselen.
Bon, Vox huet eng agressiv Reklamm gemach, mais wann ech elo jhust
drun denken, wat fir een Huddel sou een Wiessel mat sech bréngt....
Ech wéisst mol guer nët wiem ech alles misst soën dat méng mobile
Nummer gewiesselt huet :-)
Déi puer Cent déi ech telefonéieren ass dat mir nët wert! Ech froën
mech wou een do kann spueren, dat ass wéi mat den Hypocriten déi Owes
nach séier tanken gin, wann muer den Sprit méi deier gët....
Souwiesou, wat soll Vox dann méi bidden, wann se een Kontrakt mat
LuxGSM hun?
Mais ët soll een awer Fair bleiwen, well dat do sënn "normal"
Startschwierechkeeten.
Froën mech jhust firwat dat si virun der Vakanz nach gestart sënn, an
hiren Roaming nët an der Reih hun...
-Serge-
serge.NOS...@internet.lu (Serge Simon) wrote in alt.letzebuerger:
[...]
> Ech froën mech souwiesou firwat dat souvill Léit (direkt!) hun misse
> wiesselen.
> Bon, Vox huet eng agressiv Reklamm gemach, mais wann ech elo jhust
> drun denken, wat fir een Huddel sou een Wiessel mat sech bréngt....
Boff dat ass zwar relativ einfach ze erklären giff ech soen. Emmerhin
waren d'Abonnementer an d'Prepaid Kaarten jo gratis déi éischt puer
Wochen. An vu que dat se därer net onendlech vill verschenkt hun wäerten
déi meescht Leit sech geduercht hun egal ob se wiesslen dat se et vläit
eng Kéier kenne gebrauchen. Wann eppes verschenkt gett hollen déi meescht
Leit et eben ouni vill driwwer nozedenken. An no den Erfahrungen aus
mengem Bekanntenkrees no haat VOX och zimmlech vill Erfolleg domat, an
bal jidfreen den ech kennen notzt säin Abo / seng Prepaidkaart lo och
aktiv. A wann een bedenkt dat zB CMD no 10 Joer nemmen em déi 83000
Clienten huet [1], an VOX 30000 Gratis Aboen + 10000 Gratis
Prepaidkaarten lass gin ass (also zesummen an 2 Meint 40000 Clienten
kritt huet), ass dat schon beuechtlech (ob all déi Aboen / Prepaidkaarten
lo och aktiv genotzt gin ass natierlech eng aaner Fro).
> Ech wéisst mol guer nët wiem ech alles misst soën dat méng mobile
> Nummer gewiesselt huet :-)
Iergendwann Enn des Joer soll jo och d'Portéirung vun mobilen
Telefonsnummeren zu Letzebuerg méiglech sin, dann huet een domat och keng
Problemer méi.
> Déi puer Cent déi ech telefonéieren ass dat mir nët wert! Ech froën
> mech wou een do kann spueren, dat ass wéi mat den Hypocriten déi Owes
> nach séier tanken gin, wann muer den Sprit méi deier gët....
D'Zielgrupp vun VOX ass eben wahrscheinlech net den wéineg-Telefonéirer,
mee d'Jamba-Klingelton-Sucht-Jugend déi fier Handylogoen 5 Min un enger
Hotline setzen an dobäi 3.99 Eur bezuelen.
> Souwiesou, wat soll Vox dann méi bidden, wann se een Kontrakt mat
> LuxGSM hun?
VOX ass am Géigensaatz zu Mobilux an CMD keen LuxGSM Revendeur. VOX notzt
ganz einfach nemmen d'Sende-Infrastruktur vun der P&T mat. Aanescht
kannst de dat wanns de wells och "nationalen Roaming" nennen. VOX huet
aus (wahrscheinlech) Käschtegrenn keen eegent Netz opgebaut, mee notzt
eben d'Infrastruktur vun der Post mat (wat ech eigentlech och ganz gudd
fannen). Se sin awer dofier nach emmer vollen Konkurrent an hun soss
näischt mat LuxGSM ze din. Si hun hier eegen Technik, eegen SMS an MMS
Serveren, Telefonsrouting etc, an verkaafen eben net wéi en klassechen
LuxGSM Revendeur friem Produiten weider.
> Mais ët soll een awer Fair bleiwen, well dat do sënn "normal"
> Startschwierechkeeten.
> Froën mech jhust firwat dat si virun der Vakanz nach gestart sënn, an
> hiren Roaming nët an der Reih hun...
Mettlerweil fonktionéiert dat zwar einegermoossen, se hun mengen ech lo
awer fier all Land hei an der Géigend (wat een Saatz!) mindestens 1
Roamingvertrag, mee effektiv hätt dat schon kennen besser organiséiert
gewierscht sin.
[1]: <http://www.land.lu/html/dossiers/dossier_telecom/cmd_070504.html>
[2]: <http://www.land.lu/html/dossiers/dossier_telecom/index.html>
>>Ech froën mech souwiesou firwat dat souvill Léit (direkt!) hun misse
>>wiesselen.
>>Bon, Vox huet eng agressiv Reklamm gemach, mais wann ech elo jhust
>>drun denken, wat fir een Huddel sou een Wiessel mat sech bréngt....
>
>
> Boff dat ass zwar relativ einfach ze erklären giff ech soen. Emmerhin
> waren d'Abonnementer an d'Prepaid Kaarten jo gratis déi éischt puer
> Wochen. An vu que dat se därer net onendlech vill verschenkt hun wäerten
> déi meescht Leit sech geduercht hun egal ob se wiesslen dat se et vläit
> eng Kéier kenne gebrauchen. Wann eppes verschenkt gett hollen déi meescht
> Leit et eben ouni vill driwwer nozedenken.
Dat as ee quasi Leetsaatz vu mär:
D'éischt mol huelen an dann kucken wat dat iwerhaapt bréngt.
Schliesslech hëlls de jo och en Opel Astra wann en gratis as, och wanns
de léiwer en VW Golf häss ;-)
(Also ech hun zwar lo keen Opel Astra, mee ee gratis VOX-Abo!)
>
>
>>Ech wéisst mol guer nët wiem ech alles misst soën dat méng mobile
>>Nummer gewiesselt huet :-)
>
Errr....ech sin elo bei der 5. Nummer am 8. Joër!!! Ok ok, ech hun ee
Knall *grins* (Mobilux, Tango Prepaid, Tango Abo - keng Suen an der
Täsch, dunn rëm Mobilux, well se een GSM fir 1000 LUF haaten, duerno
Kiwi-Prepaid, an déi Nummer hun ech rem op een CMD-Abo mat eriwer geholl)
> Iergendwann Enn des Joer soll jo och d'Portéirung vun mobilen
> Telefonsnummeren zu Letzebuerg méiglech sin, dann huet een domat och keng
> Problemer méi.
>
Hallelujah! Da kann ech meng Nummer herno mat bei ORANGE riwerhuelen,
wann déi bis op den Marché kommen ;-)
>
>
> D'Zielgrupp vun VOX ass eben wahrscheinlech net den wéineg-Telefonéirer,
> mee d'Jamba-Klingelton-Sucht-Jugend déi fier Handylogoen 5 Min un enger
> Hotline setzen an dobäi 3.99 Eur bezuelen.
>
Voilà! An dat ziehlt eben nët nëmmen fir VOX, mee och fir déi aaner 2
(Tango + LuxGSM) !! Well ee Client deen 5 Telefonater am Mount féiert an
13 SMS'en verscheckt rappt keen Provider méi vum Hocker, resp. verdéngt
nët enorm vill drun.
Dowéinst sin ech dofir all Mënsch iwer 40 den GSM an den Abo rëm weg ze
huelen an den 10-15 jähregen Kids (!), vun der Barbie bis zum Ken, déi
Händy'en mat den Abo'en zur Verfügung ze stellen (Bezuehlen sollen awer
w.e.g. d'Eltern, ok!!!).
Schöne rosa Welt fir Luxgsm, Tango & Co.
cheerio,
steven