Google Groups no longer supports new Usenet posts or subscriptions. Historical content remains viewable.
Dismiss

VOX.mobile

4 views
Skip to first unread message

Federico Gentile

unread,
May 21, 2004, 2:37:29 PM5/21/04
to
Hallo NG!
Mellen mech och mol nees ;)
Also zanter ongeféier enger Woch hu mer jo en 3. "Handynetz" (se hun jo
eigentlech keng eegen Infrastrukturen), VOX.mobile.
Huet schon iergendeen Erfahrungen domat gema? Wat haalt dir dovunner?

--
Federico Gentile
e-Mail: no0dle(at)iceberg.lu

Laurent Schmalen

unread,
May 21, 2004, 4:30:58 PM5/21/04
to
On 21 May 2004 20:37:29 +0200, Federico Gentile <no0...@iceberg.lu>
wrote:

>Hallo NG!
>Mellen mech och mol nees ;)
>Also zanter ongeféier enger Woch hu mer jo en 3. "Handynetz" (se hun jo
>eigentlech keng eegen Infrastrukturen), VOX.mobile.
>Huet schon iergendeen Erfahrungen domat gema? Wat haalt dir dovunner?

Bon se fueren iwwert der P&T hiere reseau, also dierf et a punkto
netzqualiteit keng ennerscheeder zu CMD an Mobilux gin. WOu ech
Problemer gesinn ass mat Ofrechnungen an sou saachen, well do wärten
se dach proprietär software benotzen an aus erfahrung weess ech dat
dei puer Meint muss am Rodage lafen eiert do alles propper leeft :-)
Hieren Site ass fir main Gout bessen zevill faarweg an ech weess net
op ech hinnen vill Chance araumen, well se fir mech dach e bessi
zevill op UMTS spekuleieren. An bei UMTS mengt emmer all mensch dat
wir den grousse Knaller dat misst lo direkt kommen etc. Wann een
bedenkt dat GSM (jo GSM, also sou wei mir et haut benotzen) och well
1986 spezifzeiert gin ass an sech ower reischt enn den 90er Joer op
ganz breeder Front duerchgesaat hun, gesinn ech dat bei UMTS och sou
kommen. Vlait leit do dann net eng Spaan vun 12 Joer dertescht, mee
bestemmt wei 2 Meint wei d'Provideren am Moment all mengen.

En plus sin ech emmer skeptesch vis-a-vis vun Saachen dei vun de Leit
(also Medien an Hiersteller) als groussen Hyp ugekennegt gin.
Normalerweis sin dat duerno d'Ladenhüter an dei richteg Hypen sin sou
niewebai opkomm (GSM zBsp, Internet (WWW), SMS (ganz gudd beispill,
well domadd kee gerechent hat dat dat sou een hype giff gin, wor jo am
ufank just geduercht fir dat provideren hiere Client hinweiser
matdeele kennen etc) an sou weider).

--
Lau-justMy50cent-rent

Steven Hansen

unread,
May 21, 2004, 4:34:06 PM5/21/04
to
Federico Gentile a écrit :

> Hallo NG!
> Mellen mech och mol nees ;)
> Also zanter ongeféier enger Woch hu mer jo en 3. "Handynetz" (se hun jo
> eigentlech keng eegen Infrastrukturen), VOX.mobile.
> Huet schon iergendeen Erfahrungen domat gema? Wat haalt dir dovunner?
>
Haha! Dorops hun ech gewoart.....

Also...
Ech hun mech virechten Freideg aus Jux am Houwalder Cactus an d'Reih
gestallt an woar no enger gudder dräi-véirel Stonn glécklechen Abonnent
vu VOX.mobile.

Beim Ausfëllen vum Formulaire as ee gefroot gin, wat fir eng
Telefonsnummer een sech wënschen giff - ech hun natierlech déi éischt
domm Nummer ausgesicht, déi mer an der Kapp komm as.

Den jonken VOX-Här, sichtlech gestresst an awer frëndlech, huet engem
nach matgedeelt, datt den Account dann ab Méindes (17.5.) offiziell
geschallt giff gin. Als Bestätegung kriit een dann en SMS gescheckt.
Sou lang sollt een dann mat der 5 Euro Pre-Paid Card telefonéieren.
Souwäit sou gudd...

Méindes as dunn awer näischt geschitt, Dënschdegs nët, Mëttwochs och
nët. Ok, ok, 20.000 Client umellen as kee Pappenstiel!!
Donneschdegs woar Feierdag.
(Bon, ech sin nët op den Account ugewiesen gewierscht, well ech awer
nach beim gudden aalen LUXGSM abonnéiert sin.)

Freidegs (also haut) hun ech mech dann bei der Helpline gemeld, well ech
awer eng aaner Telefonsnummer wéillt, wéi déi déi um Formulaire
ausgefëllt gi woar.
D'Nathalie (sou huet déi sympatesch a frëndlech Joffer geheescht) huet
gemengt datt dat kee Problem wier, insofern, datt déi gewënschten nei
Nummer nach zur Verfügung wier. Sie giff mech zréck uruffen, wann
d'Nummer fräigeschalt wier.

Eng Stönnchen méi spéit: D'Nathalie um Telefon.
Nath.- "Et deed mer Leed, mee déi gewënschten Nummer 061 XXX YYY as scho
vergin."
Ech - " Moment, Joffer! Dat as déi Nummer um Formulaire, mee déi well
ech jo grad nët méi. Ech hun Iech ugeruff fir folgend Nummer ze kréien:
061 XY ZY XI."
Nath. - "Err...ah jo, ech gesinn um Computer, datt déi Iech affektéiert
gin as. Dier kënnt also lo direkt mat där Nummer 061 XY ZY XI
telefonéieren an ugeruff gin."

(ok, as meng Schold! Ech muss d'Leit ëmmer mat duercherneen machen ;-) )

"Perfekt!" huet deen heiten geduecht an hun direkt mat der neier Nummer
der Frëndin ugeruff.
An du woar d'Verbindung fort......d'Prepaid Koart woar eidel!
D.h. also datt mäin Abonnement nach NËT ugelaaf as.

Wat mech dann ë bëssen iergert, as datt keen bei VOX am Stand as, fir
der matzedeelen, ob deng gewënschten Nummer disponible an datts de se
och kriss an et seet der anscheinend och keen, wéini den Abo uleeft,
well momentan hun ech een GSM mat enger eideler prepaid card dran ;-)

Affaire à suivre...


Cheerio,
steven


PS: Wéi schon gesoot, ech sin net op den Account ugewiesen, dofir bauen
ech elo keng Panik!

PS: ps:Op alle Fall sin hier Leit trotz dem Stress ganz fäin gewierscht!

--
Steven Hansen
ICQ# 238773153
_____________________________________________________________________________________
The Answer to the Great Question of Life, the Universe and Everything is
Forty-two.
[The Hitchhiker's Guide To The Galaxy - (c) Douglas Adams]

Maurice Buijs

unread,
May 22, 2004, 3:33:19 AM5/22/04
to

> ech jo grad nët méi. Ech hun Iech ugeruff fir folgend Nummer ze kréien:
> 061 XY ZY XI."

Wiuel einfach dei Nummer deis de wells, dann mierks de schon op en se schon
huet oder net..


Hun mech en Freideg ugemellt sin mol gespannt wei lang et dann bei mir
dauert..

Maurice


GH

unread,
May 22, 2004, 9:54:47 AM5/22/04
to

hossa,

vue dass bei tango d'qualiteit an den leschten 10 meint zimmlech staark
roofgaangen ass an ech an den 90er joeren och nie sou richteg zefridden mat
luxgsm wor hun ech mer geduecht ech keinnt mer roueg eng 2. sim kaart als
alternative bei vox mobile huelen. bis elo hun ech des erfahrungen gemaat:

1. bei der offre de lancement kompagne gin d'leit indirekt oofgezockt. et
muss een am 60/60 takt bezuelen an net am 60/15. et gett awer niewenbai sou
een abo vun 4 euro, do kritt een dann och eben am 60/15 takt oofgerechent.
fier dass sech awer elo daat 4 euro abo renteiert muss een genau gerechent
mindestens 50 mol genau eng sekonn no der voller minutt ze laang
telefoneieren. en plus kritt een beim 4 euro abo d'rechnung gratis mat der
post gescheckt woubai een mam 0 euro abo 2 oder 2.5 euro muss dofier
bezuelen. bon dofier dierften mer all hei jo net dovunner betraff sin well
mer ons jo och kennen d'rechnung gratis per email schecken lossen. ech
denken fier den normal telefoneirer ass den abo vun 6 euro vun tango am
genschtegsten, fier gprs users keint vox awer villaicht mei interessant sin
(ass so far mei belleg an et huet een mei eng stabil connectioun)

2. initialisatioun beim abo: ech kruut gesoot ech geiff meindes en breif
kreien wou geiff dropstoen dass main abo aktiv wier. kruut ech bis elo nach
net. ech hun awer gemierkt dass ech sait dem meinden net mei ennert der
prepaid kaart nummer ze ereechen wier mee ennert menger gewoenschter nummer.
bis den donneschden wor main abo awer nach net vollstaenneg aktiv sou dass
ech konnt meng prepaid kaart nach oplueden. an ech hun deck dovunner
profiteiert hun 50 euro dropgesaat an kruut 65 euro kredit. :-p

to steven: schued ech hun mer geduecht no hierem haarden start misst ech
net direkt meckeren dass ech nach emmer keen breif kruut. haett ech awer
daat gewosst dass do op der helpline sou eng frendlech joffer geiff schaffen
haett ech villaicht awer op hieren helpdesk ugeruff ;-)

schlussfolgerung:
- ech hun respekt virun vox mobile well et ass net einfach an engem
klengen land wei letzebuerg sou ze starten.
- ech denken och dass keen hei am land et faerdeg brengt en ordentlechen
reseau opzebauen. bei luxgsm an vox mobile (ass jo selwechten reseau) kreien
ech bis elo (12 joer nom bestehen vun luxgsm) hei um bridel nach emmer keen
ordentlechen reseau an mengem computer zemmer (1 - 2 strecher vun 7,
heiansdo och keen). bei tango hun ech der ower 3 bis 5 obwuel d'antenne um
bridel op der nemmlechter plaatz ass wei dei vun luxgsm. bei luxgsm ass um
kierchbierg (lait daat an der pampa???) um bd prince charles en funklach.
bei tango ass en funklach am institut superieur de technologie an am centre
de recherche henri tudor (lait jo iergendwei wei et scheint och an der
pampa!!). ech hun d'impressioun wei wann d'thailaenner am reeboesch en
besseren reseau haetten wei mir
- eis kapaciteiten hei zu letzebuerg sin ausserdems och vill ze kleng.
net nemmen op den nationalfeierdeeg leeft naischt mee och wann op der areler
autobunn en stau ass. an zeguer wann naischt extraes hei am land leeft kennt
et vier dass owes um veirel op 10 den reseau vun tango iwerlaascht ass,
dobai hun ech emmer geduercht peak time wier bis owes 7 auer. egaal op tango
oder luxgsm, bei mir gett eng verbindung vun 3 oofgebrach an daat kann alt
oft gehierlos stressen. wann ech an daitschland sin oder soss entwousch am
ausland sin kennt daat nie vier.
- an ech denken dassen mer hei awer net kennen kloen, well mam handy
telefoneieren ass hei zu letzebuerg awer relativ praisgoenschteg, wier et
nemmen och sou mam adsl...

ech sin gespaant wei et mam umts weidergeht obwuel ech och net souvill
dovunner haalen. den nexten handy (bannen den nexten 4 wochen) gett op allen
fall nach en gsm-handy :-p


cheers,

Georges

"Steven Hansen" <ste...@freecmd.lu> wrote in message
news:40ae67ba$1...@news.vo.lu...

Laurent Schmalen

unread,
May 22, 2004, 11:26:12 AM5/22/04
to
On Sat, 22 May 2004 15:54:47 +0200, "GH" <georges...@vo.lu> wrote:

>

>
>schlussfolgerung:
>- ech hun respekt virun vox mobile well et ass net einfach an engem
>klengen land wei letzebuerg sou ze starten.

Stemmt, respekt, mee ech gesinn nawell schwaarz fier sie :(

>- ech denken och dass keen hei am land et faerdeg brengt en ordentlechen
>reseau opzebauen. bei luxgsm an vox mobile (ass jo selwechten reseau) kreien
>ech bis elo (12 joer nom bestehen vun luxgsm) hei um bridel nach emmer keen
>ordentlechen reseau an mengem computer zemmer (1 - 2 strecher vun 7,
>heiansdo och keen). bei tango hun ech der ower 3 bis 5 obwuel d'antenne um
>bridel op der nemmlechter plaatz ass wei dei vun luxgsm. bei luxgsm ass um
>kierchbierg (lait daat an der pampa???) um bd prince charles en funklach.
>bei tango ass en funklach am institut superieur de technologie an am centre
>de recherche henri tudor (lait jo iergendwei wei et scheint och an der
>pampa!!). ech hun d'impressioun wei wann d'thailaenner am reeboesch en
>besseren reseau haetten wei mir

Dat mam Reseau ass eben sou eng Saach, jidder Provider setzt
prioriteiten eben aneschters wei en seng antennen opstellt an dann,
wann se um nemlechten Mast henken ass och nach d'Fro an wei eng
richtung en se oofstrahle leisst. An de Kierchbierg ass nun mol eng
gelungen Saach, ass een riesen Areal mat Gebaier an groussen Oofstenn
drop verdeelt. Am beschten wir et do einfach fir all Gebai eng
Picozell ze installeieren mee dann sin stroossen och rem net
bestrahlt.
An zu gudder Lescht hus de dann nach de Problem mat de Leit, dei
direkt op d'barrikaden sprangen an sennlos Biergerinitiativen grennen
wann iergendwou eng nei Antenne soll opgeriicht gin an dann kennt och
nach den Typchen vum Rtl Nol op de Kapp well do iergendeng Madame
anscheinend Kapp wei kritt hut. (Do gett et eng interessant Studie vun
Vodafone, dei haten an .de op engem Haus eng Antenne opgeriicht mee
duerch technesch problemer konnten se se net direkt a Betrieb huelen.
Puer Stonnen nom Opriichten vun der net funktionéierender Antenne
kruten dei éischt Leit de Kapp wei an Problemer mam Stullgang :-))
Psychsomatologie lässt grüßen :>

>- eis kapaciteiten hei zu letzebuerg sin ausserdems och vill ze kleng.
>net nemmen op den nationalfeierdeeg leeft naischt mee och wann op der areler
>autobunn en stau ass. an zeguer wann naischt extraes hei am land leeft kennt
>et vier dass owes um veirel op 10 den reseau vun tango iwerlaascht ass,
>dobai hun ech emmer geduercht peak time wier bis owes 7 auer. egaal op tango
>oder luxgsm, bei mir gett eng verbindung vun 3 oofgebrach an daat kann alt
>oft gehierlos stressen. wann ech an daitschland sin oder soss entwousch am
>ausland sin kennt daat nie vier.

Jop, do ass och rem de Problem mat den Antennen an de Genehmegungen.
Des weiteren kennt derbai dat mir einfach een ze klengt Land sin an
een mat engem Reseau einfach net genuch Leit usprecht dei et benotzen,
dofir kann een halt eben och net souvill dran investeieren.

--
Laurent

"Ich brauche mich nicht mit Werbung von Klingeltönen bei VIVA/MTV
zumüllen zu lassen. Das ist doch wie Spam fürs Auge [tm]."
Christian Mell in drme

GH

unread,
May 22, 2004, 12:03:57 PM5/22/04
to

"Laurent Schmalen" <lo...@gmx.de> wrote in message
news:esrua01nugaugajf7...@4ax.com...

ech maan eng wett dass dei memberen vun deenen biergerinitiativen selwer eng
antenne benotzen an zwar eng dei direkt niewt hierem ouer strahlt :->
btw an der schwaitz haaten se sech amueseiert fake antennen ze
installeieren, do haaten op eenmol och x leit kapp wei etc

>
> >- eis kapaciteiten hei zu letzebuerg sin ausserdems och vill ze kleng.
> >net nemmen op den nationalfeierdeeg leeft naischt mee och wann op der
areler
> >autobunn en stau ass. an zeguer wann naischt extraes hei am land leeft
kennt
> >et vier dass owes um veirel op 10 den reseau vun tango iwerlaascht ass,
> >dobai hun ech emmer geduercht peak time wier bis owes 7 auer. egaal op
tango
> >oder luxgsm, bei mir gett eng verbindung vun 3 oofgebrach an daat kann
alt
> >oft gehierlos stressen. wann ech an daitschland sin oder soss entwousch
am
> >ausland sin kennt daat nie vier.
>
> Jop, do ass och rem de Problem mat den Antennen an de Genehmegungen.
> Des weiteren kennt derbai dat mir einfach een ze klengt Land sin an
> een mat engem Reseau einfach net genuch Leit usprecht dei et benotzen,
> dofir kann een halt eben och net souvill dran investeieren.
>
> --
> Laurent
>
> "Ich brauche mich nicht mit Werbung von Klingeltönen bei VIVA/MTV
> zumüllen zu lassen. Das ist doch wie Spam fürs Auge [tm]."
> Christian Mell in drme

haal op dei reklammen sin jo massenverbloedung. fier sou eng schissis
polyphon midi file froen dei och nach x euro!!
dann sollt dei daitsch jugend rem leieren wei een mat engem keyboard emgeht
an hier eegen polyphon schellen entwerfen


GH


Laurent Schmalen

unread,
May 22, 2004, 1:15:43 PM5/22/04
to
On Sat, 22 May 2004 18:03:57 +0200, "GH" <georges...@vo.lu> wrote:
>
>ech maan eng wett dass dei memberen vun deenen biergerinitiativen selwer eng
>antenne benotzen an zwar eng dei direkt niewt hierem ouer strahlt :->
>btw an der schwaitz haaten se sech amueseiert fake antennen ze
>installeieren, do haaten op eenmol och x leit kapp wei etc

Ehehe genau, an dann och nach am Auto telefoneieren wou den TXLevel
beis rofgeet an den Handy mat voller leeschtung strahlt an dat 1cm
niewt dem Gehier. Mee bon, d'Leit sin eben heiansdo net schlau an
wellen einfach nemmen hiere Mond opdon.
>

>> "Ich brauche mich nicht mit Werbung von Klingeltönen bei VIVA/MTV
>> zumüllen zu lassen. Das ist doch wie Spam fürs Auge [tm]."
>> Christian Mell in drme
>
>haal op dei reklammen sin jo massenverbloedung. fier sou eng schissis
>polyphon midi file froen dei och nach x euro!!
>dann sollt dei daitsch jugend rem leieren wei een mat engem keyboard emgeht
>an hier eegen polyphon schellen entwerfen
>
>

Ohhh Georges, do verlaangs de zevill. Kuck der mol Jugend un, mat
engem Keyboard? nee nee :))

--
Laurent

Steven Hansen

unread,
May 22, 2004, 10:41:25 PM5/22/04
to
vive siemens.de :-)

Laurent Schmalen

unread,
May 23, 2004, 6:14:21 AM5/23/04
to
On Sun, 23 May 2004 04:41:25 +0200, Steven Hansen <redh...@web.de>
wrote:

>vive siemens.de :-)

Aehm? Bezuch zu mengem Post? :-))))

--
Laurent

Federico Gentile

unread,
May 23, 2004, 10:47:29 AM5/23/04
to
Vu que dat ech mer och eng Prepaid Kaart siche gaang sin, zielen ech dann
och mol meng Erfahrung ;).

Also ech war bis elo emmer bei Tango, an dat ganz zefridden, an wéi sech
rausgestallt huet wäert ech och do bleiwen.
Ech verfolgen déi Geschicht mat VOX.mobile schon e puer Méint, an do
waren schon éier et lass gaang ass sou puer komesch Saachen déi
eigentlech net sollten sou sin. Se soten zum Beispill schon éier se déi
Plage iwwerhaapt vun der ILR zougedeelt kruten, dat hier Nummren wäerten
mat 061 ufänken (kann een och alles op www.ilr.lu noliesen). An dann hun
se hieren Starttermin e puer mol no hannen gereckelt, wat ugefaang huet
mech ze langweilen. Ausserdem wees ech net wat ech dovunner soll haalen
dat se sech mat LUXGSM zesummengedoen hun, obwuel déi 2 Directeren fréier
un der Spetzt vun Tango waren. Natierlech probéiert jidfreen säin Produkt
als besser dohinzestellen, mee fréier war et emmer "Tango huet déi
beschten Netzofdeckung", an lo wéi ech an der Belle Etoile un hierem
Stand wor, an den Pascal Koster perséinlech Prepaid-Kaarten an Abo'en
verdeelt huet, sot en dat LUXGSM déi beschten Ofdeckung huet. Ech wees
selwer net wéien Netz déi beschten Ofdeckung huet (LUXGSM soen mol vun
sech selwer mengen ech 97% an Tango 99%, mee ob dat stemmt?), me et
kennen wuel kaum déi 2 gläichzeiteg eng besser Ofdeckung wéi dat aanert
Netz hun. An souwäit ech wees sin an denen leschten Joren och net grad
vill Antennen bäikomm?
Wat ech awer trotz allem muss soen, ass dat se awer wierklech frendlecht
Personal do hun. Ech war mer 2 Kaarten sichen, eng fier mech an eng fier
mäin Cousin. Fier déi éischt sin ech an den VOX Shop um Fëschmaart gaang,
et war schon 18.05 mee d'Dier war nach op, also sin ech ragaang (oder
éischter ragestürmt well ech sin gelaaf), an den Mann dobannen sot si
hätten leider schon zou, an dat wierklech vill Leit haut do gewiecht
wären, do hun ech geentfert ob et dann wierklech net giff goen, ech wier
lo 30 km gefuer just fier heihin ze kommen, an et wier einfach net
éischter gaang an sou weider. Do huet en mech mol 5 Sekonnen geguckt an
gesot "ok, dann maan mer dat nach". Dat ass dann och alles tip top gaang
an ech gouf obwuel schon zou war frëndlech servéiert.
Fier déi 2. Kaart sin ech an d'Belle Etoile gaang. Dat war och schon
ziemlech spéid, et waren bal keng Leit méi do -- hun ech mol geduercht,
bis ech op eemol eng Menschenmass gesin hun wou uwendriwwer den VOX Logo
hung. Ech stung bestemmt eng hallef Stonn do bis ech schliesslech eng
Prepaid Kaart krut. Och do waren se all méi oder manner frëndlech.
Dann kann ech nach eppes an Richtung "Ofzocke" soen, wéi et och schon den
Georges ugesprach huet: se soen emmer d'Oflauschteren vun der Mailbox
wier gratis -- awer och nemmen wann een sech d'WAV-Dateien vun hierem
Internet Site roflued! Ech hat am Ufank geduercht et wier och gratis op
den 600 unzeruffen, mee dat war net sou! An wat nach war, et huet een
missen an dem Menu do all enzelnen Schrett, egal wéi banal en war, nach
eng Kéier bestätegen, heiansdo hun ech mech schon e bessen verarscht
gefillt, mee ech hu geduercht et mescht näischt, et ass jo gratis. Herno
hat ech 1 Eur manner op der Kaart.
Zousätzlech ass d'LUXGSM Netzofdeckung wou ech wunnen ganz schlecht. An
mengem Zemmer kréien ech just op enger eenzeger Plaatz LUXGSM, an all
Keier wann ech den Handy recklen ass et nees focht.
Mee ech gesin och kee richtege Grond fier en Wiessel: vill Tariffer sin
bal d'nämlecht wéi déi vun Tango. GPRS, WAP an MMS benotzen ech souweisou
net. Souwéisou kennt mer VOX am Ablack wéi eng Kopie vun Tango fier:
Bonus Punkten wann een ugeruff gett, déi nämlecht Acces-Codes, ...
An sou Spillereien wéi Mailbox iwwer Inet konfiguréiren brauch ech net,
am Géigendeel, ech fannen Mailboxen schrecklech an ech hu meng
deaktivéiert.
Mäin Fazit ass also dat ech definitiv bei Tango bleiwen. Et kann zwar sin
dat et bei hinnen an denen läschten 10 Méint wierklech e bessen chaotesch
war, mee se hun jo eben och hier 2 Directeren verluer, an hun missen
emstrukturéiren. Dat wäert och nach vergoen, oder ass schon vergaang.
Nach eng Kéier a Punkto VOX: ech gesin zwar op kee Fall schwarz fier si,
am Moment gesäit et éischter no groussem Succes aus, wann een deen riesen
Undrang gesäit. Ausserdem hun se och net schlecht Reklamm gema, ganz
ofgesin vun dem dauernden Sponsoring vun Evenementer.
Leider vergiessen d'Leit bei engem sou groussen Hype an Wierder wéi
"Gratis Abo" & co dat kleng gedrecktent ze liesen.

Steven Hansen

unread,
May 23, 2004, 12:31:28 PM5/23/04
to
Et as jo nach sou, datt een weideren Big Player op der lėtzebuergescher
GSM-Bühn feelt: ORANGE.

Déi hun jo och eng Lizenz fir en UMTS-Réseau opzebauen.
Wat mussen déi dann réischt machen fir Client'en ze köderen?
2x liewenslänglech gratis Abo fir 40.000 Leit?? ;-)

Wéi soll dann och d'Koopératioun tėschent LUXGSM an Vodafone ausgesin?
An der Reklamm "Eis Post" haat een jo den LUXGSM-Logo mat dem
Vodafone-Logo kombinéiert gesinn.

Géif LUXGSM dann 100%eg Duechter-Gesellschaft vun Vodafone gin?
Oder interesséiert Vodafone sech net fir eisen klengen Marché?
Wann awer, missten dann alleguerten déi aaner LUXGSM-Partner (Mobilux an
CMD) mat opkaaf gin? Wuehl kaum, och wann d'Suen do sin!

Wéi wier et dann mat VOX.mobile, déi d'LUXGSM-Antennen benotzen?
Woubäi ech mer absolut virstellen kann, datt VOX.mobile prädestinéiert
as, fir direkt vun engem aaneren decken Fėsch opkaaf ze gin, deen dann
seng eegen Antennen oprichten géif(z.B. o2 "O-two").

Dann hätten mer also niewend Orange, "Vodafone" nach Tango an "o2"!

Vodafone (f.k.a. LUXGSM) - 021 / Orange - 041(?)
o2 (f.k.a. VOX.mobile) - 061 / Tango - 091

Bon, ech hun der Zäit schon ė bėssen virgegraff an as reng Spekulatioun :-)
Elo as är Meenung dozou gefroot.

cheerio,
steven

Federico Gentile

unread,
May 27, 2004, 2:33:03 PM5/27/04
to
Hi,

Steven Hansen <redh...@web.de> wrote in alt.letzebuerger:

> Et as jo nach sou, datt een weideren Big Player op der

> lëtzebuergescher GSM-Bühn feelt: ORANGE.


>
> Déi hun jo och eng Lizenz fir en UMTS-Réseau opzebauen.
> Wat mussen déi dann réischt machen fir Client'en ze köderen?
> 2x liewenslänglech gratis Abo fir 40.000 Leit?? ;-)

Lëtzebuerg ass entweder 1. oder 2. Land op der Lescht vun den Länner mat
der hächster Handypenetratiounsrate, Client'en ze köderen dierft kee
grousse Problem sin :) Ok bei just 470.000 Awunner ass 4 vläit och den
Maximum vun Handynetzbedreiwer, wou et sech nach géing rentéiren. Mee dat
wäerten déi jewellech Firmen sech och schon vierdrun iwwerleen.

> Wéi soll dann och d'Koopératioun tëschent LUXGSM an Vodafone ausgesin?


> An der Reklamm "Eis Post" haat een jo den LUXGSM-Logo mat dem
> Vodafone-Logo kombinéiert gesinn.
>
> Géif LUXGSM dann 100%eg Duechter-Gesellschaft vun Vodafone gin?
> Oder interesséiert Vodafone sech net fir eisen klengen Marché?
> Wann awer, missten dann alleguerten déi aaner LUXGSM-Partner (Mobilux
> an CMD) mat opkaaf gin? Wuehl kaum, och wann d'Suen do sin!
>
> Wéi wier et dann mat VOX.mobile, déi d'LUXGSM-Antennen benotzen?
> Woubäi ech mer absolut virstellen kann, datt VOX.mobile prädestinéiert

> as, fir direkt vun engem aaneren decken Fësch opkaaf ze gin, deen dann


> seng eegen Antennen oprichten géif(z.B. o2 "O-two").

Mengen mat dem Vodafone-Ziips hues de eppes falsch verstaan :) Keen keeft
hei een op, mee et ass wéi ech et verstan hun just sou eppes wéi en méi
enken Roamingvertrag. Dat heescht dats du als Vodafone Client zB den
Wiessel guernet matkriss wanns de dech zu Lëtzebuerg bei LUXGSM aloggs,
soueppes wéi en "virtuellt" Heimatnetz. Dir stin all Servicer wéi SMS,
GPRS, WAP & co ouni iergendeen speziellen Vertrag zur Verfügung, an
emgekéiert fonktionéiren fier LUXGSM User déi sech bei Vodafone aloggen
och alles wéi bei LUXGSM selwer. Méi ass et anscheinend net, an dofier
verstin ech och den groussen Rummel deen d'P&T dorëms mescht net richteg.
Ech wéisst och nët fierwat d'P&T hiert Netz sollten verkaafen, et leeft
dach relativ gudd, wann net perfekt.



> Dann hätten mer also niewend Orange, "Vodafone" nach Tango an "o2"!
>
> Vodafone (f.k.a. LUXGSM) - 021 / Orange - 041(?)
> o2 (f.k.a. VOX.mobile) - 061 / Tango - 091
>

> Bon, ech hun der Zäit schon ë bëssen virgegraff an as reng


> Spekulatioun :-) Elo as är Meenung dozou gefroot.

Ech sin mol gespaant wéi dat mat Orange wäert goen. Ufanks sollten se
hiert Netz jo schon Enn 2004 oder sou um laafen hun, mee se hun ugefrot
fier den Datum nohannen ze verrécklen, wat hinnen jo och genehmegt gouf.
Mengen et ass lo 2006 oder 2007. Mee wann dat mat UMTS sou schleppend
weider geet wéi lo dann wees ech et jo net. Wéi laang héiert een dat
Wuert schon? 5 Joer? An wat ass bis lo geschidd? Tango an LuxGSM hun hier
éischt Testgespréicher fiergefouert an decken grad mol d'halschtent vum
Land oder sou ähnlech of. Kommerziell bidd nach keen vun denen 2 et un.
Majo dann ...

GH

unread,
May 29, 2004, 8:06:52 AM5/29/04
to

"Federico Gentile" <no0...@iceberg.lu> wrote in message
news:Xns94F6D110935...@80.90.46.186...

> Hi,
>
> Steven Hansen <redh...@web.de> wrote in alt.letzebuerger:
>
> > Et as jo nach sou, datt een weideren Big Player op der
> > lëtzebuergescher GSM-Bühn feelt: ORANGE.
> >
> > Déi hun jo och eng Lizenz fir en UMTS-Réseau opzebauen.
> > Wat mussen déi dann réischt machen fir Client'en ze köderen?
> > 2x liewenslänglech gratis Abo fir 40.000 Leit?? ;-)
>
> Lëtzebuerg ass entweder 1. oder 2. Land op der Lescht vun den Länner mat
> der hächster Handypenetratiounsrate, Client'en ze köderen dierft kee
> grousse Problem sin :) Ok bei just 470.000 Awunner ass 4 vläit och den
> Maximum vun Handynetzbedreiwer, wou et sech nach géing rentéiren. Mee dat
> wäerten déi jewellech Firmen sech och schon vierdrun iwwerleen.

niewt den awunner kommen jo och nach all d'touristen an d'frontaliers derbai
dei mat auslaennescher sim kaart an engem letzebuergeschem reseau
telefoneieren. domatt leisst sech och nach massiv geld maan :-) wei een
tourist iwerliewt en openhalt am ausland ouni handy? ;->

0 new messages