Google Groups no longer supports new Usenet posts or subscriptions. Historical content remains viewable.
Dismiss

LuxDSL MP3

0 views
Skip to first unread message

Thorben Grosser

unread,
May 13, 2003, 10:04:40 AM5/13/03
to
Ech muss lo einfach mol reklamm maan:
Ech fannen dat eng riisen sauerei mam LuxDSL an hun haut nach eng keier
mat deenen ganzen leit geschwat, ETP an VO.
Dat ganzt kann een sech rooflueden (3 MB MP3)

http://webplaza.pt.lu/grosser/LuxDSL.zip

Ech fannen dat behuelen einfach nemmen schaiss. mee d'Post jo och.
Lauschtert selwer.

[QUOTE]Doriwwer well ech elo net mat iech diskuteiren[/QUOTE]
LuxDSL Helpline

--
Thorben Grosser
Silly moose from elsewhere
www.iceberg.lu - tho...@iceberg.lu

Federico Gentile

unread,
May 13, 2003, 2:55:11 PM5/13/03
to
Hallöle,

Thorben Grosser <tho...@gmx.at> wrote in alt.letzebuerger:

> Ech muss lo einfach mol reklamm maan:
> Ech fannen dat eng riisen sauerei mam LuxDSL an hun haut nach eng keier
> mat deenen ganzen leit geschwat, ETP an VO.
> Dat ganzt kann een sech rooflueden (3 MB MP3)
>
> http://webplaza.pt.lu/grosser/LuxDSL.zip
>
> Ech fannen dat behuelen einfach nemmen schaiss. mee d'Post jo och.
> Lauschtert selwer.
>
> [QUOTE]Doriwwer well ech elo net mat iech diskuteiren[/QUOTE]
> LuxDSL Helpline

Also am Ufank hun ech jo gemengt ech géing léiwer bei der Post bleiwen
well ech net direkt vun dem Problem betraff sin, mee elo, nodems ech deen
MP3 do gelauschtert hun, denken ech staark driwwer no ob ech net awer zu
VO soll wiesslen. Elleng wins dem 1000 mol sou gudden Support.
Ech iwwerleen an iwwerleen ... mäin Papp z'iwwerzeegen ass dat Schwéiert
:(


--
Federico Gentile
e-Mail: federico.gentile(at)lce.lu
Homepage: http://no0dle.iceberg.lu/

Message has been deleted

Laurent Schmalen

unread,
May 13, 2003, 3:38:43 PM5/13/03
to
On 13 May 2003 20:55:11 +0200, Federico Gentile <no0...@iceberg.lu>
wrote:

>> LuxDSL Helpline
>
>Also am Ufank hun ech jo gemengt ech géing léiwer bei der Post bleiwen
>well ech net direkt vun dem Problem betraff sin, mee elo, nodems ech deen
>MP3 do gelauschtert hun, denken ech staark driwwer no ob ech net awer zu
>VO soll wiesslen. Elleng wins dem 1000 mol sou gudden Support.

Visual Online geheiert dach IMHO zu 50% der Post ?

ciao
Laurent

Federico Gentile

unread,
May 13, 2003, 4:24:12 PM5/13/03
to
Sali

Laurent Schmalen <lo...@gmx.de> wrote in alt.letzebuerger:

(...)


> Visual Online geheiert dach IMHO zu 50% der Post ?

ech krut souguer eppes vun 51 % gezielt mee dat ass och schon e puer Joer
hier, dat kann jo och manner gi sin.
Souweisou, wann ech wiesslen, ass dat eischter als Zeechen vum Protest,
well ech krut demols gesot ech géing eng Flatrate kréien, ech kinnt esou
vill an sou laang downloaden wéi ech willt. An lo hun se abemol genuch
Reklamm gema, lo ännren se dat ganzt. An dann nach den gehierlosen Präis!
Den schlechten Support! Deed mer Leed, iergendwann ass Schluss!
An wann AOL hei zulands wier, an ech misst wielen: Bei denen momentanen
Emstänn giff ech AOL huelen!

Federico Gentile

unread,
May 13, 2003, 4:25:05 PM5/13/03
to
Hy,

Laurent Schmalen <lo...@gmx.de> wrote in alt.letzebuerger:

(...)
> [OT] Firwat zipps de dat ganzt, dat brengt bei mp3 keen
> greisste-Fierdeel vue dat mp3 well gezippt ass </Klugscheisser>

ass bestemmt Gewunnescht ;)

Thorben Grosser

unread,
May 13, 2003, 4:28:32 PM5/13/03
to
Federico Gentile <no0...@iceberg.lu> wrote in
news:Xns937AE502183...@80.90.44.10:

> Hy,
>
> Laurent Schmalen <lo...@gmx.de> wrote in alt.letzebuerger:
>
> (...)
>> [OT] Firwat zipps de dat ganzt, dat brengt bei mp3 keen
>> greisste-Fierdeel vue dat mp3 well gezippt ass </Klugscheisser>

nee. aus deem grond, dass vill leit msie besetzen. an wann een mat deem
mp3en lueden well, kann et viirkommen dass deen probeiert dat am internen
player ze spillen. dat huet bei villen leit awer nie funktioneiert. mee
mam winzip forceiren ech si dat ganzt ze downloaden :)

Thorben

Laurent Schmalen

unread,
May 13, 2003, 4:46:28 PM5/13/03
to
On 13 May 2003 22:28:32 +0200, Thorben Grosser <tho...@gmx.at> wrote:

>>> greisste-Fierdeel vue dat mp3 well gezippt ass </Klugscheisser>
>
>nee. aus deem grond, dass vill leit msie besetzen. an wann een mat deem
>mp3en lueden well, kann et viirkommen dass deen probeiert dat am internen
>player ze spillen. dat huet bei villen leit awer nie funktioneiert. mee
>mam winzip forceiren ech si dat ganzt ze downloaden :)
>

Uhh do denkt jo een richteg no ... richteg "vorausschauend" wei se hei
an .de giffe son :-)
mee bon, ech wor een vun deenen dei msie net benotzen, dofier wor et
iwwerflesseg fier mech
Nächst Kéier 2 Versiounen eng gezippt an eng net gezippt, online
setzen :-)
Vlait och nach eng ogg Vorbis versioun an et nach emol als .wav oder
als .aif fier dei leit dei ganz aalz maschinen oder nach aal
Mac/Atarien hun :-))

SCNR
Laurent

Thorben Grosser

unread,
May 13, 2003, 5:11:59 PM5/13/03
to
Laurent Schmalen <lo...@gmx.de> wrote in

> Nächst Kéier 2 Versiounen eng gezippt an eng net gezippt, online


> setzen :-)
> Vlait och nach eng ogg Vorbis versioun an et nach emol als .wav oder
> als .aif fier dei leit dei ganz aalz maschinen oder nach aal
> Mac/Atarien hun :-))

ausserdeem nach ob CD an LP

Patrick Dardar

unread,
May 14, 2003, 4:18:20 AM5/14/03
to
Thorben Grosser wrote:
> Ech fannen dat behuelen einfach nemmen schaiss. mee d'Post jo och.
> Lauschtert selwer.

Ass jo ganz interessant, mä huës de do eigentlech och d'Averständnës
vun déene Leit, fir daat online zë stellen? Ech wées nët genau, ob sou eppes
wierklech néideg ass, mä ech ka mer virstellen, datt z. Bsp. di Persoun
vun der Post nët grad enchantéiert wier, wann hiere Chef ging héiren, wi si
de Leit d'Produkter vun der Konkurrenz proposéiert.

Pa

--
Ferengi Rule of Acquisition #119:
Never judge a customer by the size of his wallet, (...sometimes,
good things come in small packages).

Thorben Grosser

unread,
May 14, 2003, 11:06:05 AM5/14/03
to
Patrick Dardar <expires.2...@egalwaat.lu> wrote in
news:b9t55f.3...@news.egalwaat.lu:

> Thorben Grosser wrote:
>> Ech fannen dat behuelen einfach nemmen schaiss. mee d'Post jo och.
>> Lauschtert selwer.
> Ass jo ganz interessant, mä huës de do eigentlech och d'Averständnës
> vun déene Leit, fir daat online zë stellen? Ech wées nët genau, ob sou
> eppes wierklech néideg ass, mä ech ka mer virstellen, datt z. Bsp. di
> Persoun vun der Post nët grad enchantéiert wier, wann hiere Chef ging
> héiren, wi si de Leit d'Produkter vun der Konkurrenz proposéiert.

krut dat och schon ob lcgl.lu gesot, dofir: offline

Federico Gentile

unread,
May 14, 2003, 11:39:34 AM5/14/03
to
Salu,

Patrick Dardar <expires.2...@egalwaat.lu> wrote in

alt.letzebuerger:

(...)


> Ass jo ganz interessant, mä huës de do eigentlech och d'Averständnës
> vun déene Leit, fir daat online zë stellen? Ech wées nët genau, ob sou
> eppes wierklech néideg ass, mä ech ka mer virstellen, datt z. Bsp. di
> Persoun vun der Post nët grad enchantéiert wier, wann hiere Chef ging
> héiren, wi si de Leit d'Produkter vun der Konkurrenz proposéiert.

Giff mech namell intresséiren wat se gesot hätten wann en se gefrot hätt ob
en dierf ophuelen.
Schätzungsweis géing PT nee soen oder den "ech sin net dofier zoustänneg"
Button drecken.

CoLdStOnE

unread,
May 14, 2003, 4:11:56 PM5/14/03
to
Ett ass 51%....

"Federico Gentile" <no0...@iceberg.lu> wrote in message
news:Xns937AE4DBCA2...@80.90.44.10...

CoLdStOnE

unread,
May 14, 2003, 4:29:24 PM5/14/03
to
Ach... Alles Quatsch..

Ech sin Insider Infos gewuer ginn, daat hellt dach keen mei am Kapp aus...
Folgend Spillchen ass do gelaaf :
----
Dei Leit intern bei der Post wossten och neicht bis deen Dag daat et
veroeffentlich ginn ass.
Verschidden Leit wossten och emol neicht vun zwou Breif Versionen bei der
Post !

Daat scheinst ass folgend Spreich :
"Mier mussen eng ennerhuelen geint dei Leit dei esouvill mat FileSharing
machen, dei benotzen eis ganz Bandbreet an eis Client Professionel dei
reklammeieren daat et an der lecht zimmlech lues geet."
Dorobbs ass folgend Idee kom :
"Mier decideieren elo einfach kurzfristig fier t'Limit ze applizeieren,
huelen den duerchschnett vun eisen 6000 DSL Benotzer an kucken waat derbei
erauskennt. Dei Limiten feieren mier dann ann. Dann drecken mier 1 Reklamm
wou mier herno soen daat ett een Fehler vun der Drockerei ass, dann kreien
mer weinstens bei der Foire och eremm vill Leit. Kennt derbei, dei Leit
deien vill FileSharing machen, do briefen mer eisen Service Commerciale, dei
sollen den Leit soen fier bei VO ze goen. Dann hunn mir jo nach emmer 51%
vum GEwenn, an eis Client Professionell ginn net mei gesteiert well VO op
engem aaneren BackBone hengt..."
Ett sinn jo nemmen 800 Leit deien iwerdreiwen !
a.s.w.
Ech mengen all Mensch kann sech den Recht elo selwer ausdenken, hunn
naemlech keng Loscht mech vun iergendengem vun der Post elo an't Hand huelen
ze loosen...

Dier leiff Leit dei DSL hunn, DSL ass eigentlich nett geduercht fier einfach
ze surfen oder Newsgroupen oder Chat !!!!! Duerfir ass enn wiirklech ze
deier...

Rechent emool alleguerten wiirklech eng keier no weivill der an
wiirklechkeet am Internet sitt, an dei meechten dei nett iwert dei Limit
komm sinn wierten feststellen, omei, ISDN gett mech jo mei belleg.

Ech kucken an nächsten Deg een Brief an die Redaktion ze schreiwen wou ech
een genauen calcule vun deenen Preisser do machen ! Kuckt am Ausland wou
t'Konkurenz grouss ass, wann do een esou eng Limit giff anfeieren dann
giffen t'Leit alleguerten plenneren...

T'Post huet dei lechten Joeren probeiert hieren Image eremm eropzeschaffen
andeems se Servicer wei Helpdesk a.s.w. unbitt... Allerdings matt deem
Breif do, ass deen ganzen Image eloo eremm fier den Poppo !

Ech appeleieren duerfir unt Leit deien ADSL bei der Post hunn, dei sollen
emool alleguerten eng keier effektiv oofrechnen waat se giffen an
wiirklechkeet bei ISDN bezuelen... Well esouvill mei schnell geet ett och
nett. An beim Surfen alleng brengt et absolut guer neicht... Just bei Saiten
wou mei dropp steet, allerdings huet een do seng Limiten seier errecht...

Wann der elo mam Argument kommt dier gifft E-Mailen mei schnell kreien, soen
ech ok, ass jo schein, daat kann een esou anstellen daat all Stonn E-Mailen
geholl ginn, an opp 1 Stonn kennt ett haut awer wiirklech nett mei un !

Esou, elo kann all Mensch maachen wei enn dengt, ech wieselen bei een
aaneren Provider wou neicht awer absolut neicht mat der Post zedinn huet..
Et deet mier just leed daat een t'Leitung awer bezuelen muss..

Ajo, apropos Leitung... Dier leif Leit mat 256k Leitung... Probeier emol een
ze fannen deen eng 1MB Leitung huet, dann gitt der emool mat dem sengem Numm
online... Dier weert gesinn, dier kritt 1MB !!!!!! Opp der selwechter
Leitung ??? Komisch ass awer daat Post do een ennerscheeed an den Tarifer
mecht. 1MB Leitung muss 97? den Mount geloent ginn... An dei aaner ass mei
belleg an geet och ;-) Ass daat dann korrekt ???

Kennt och nach vieleicht derbei, waat t'Post nach nett oeffentlech gemach
huet, daat desen Mount den Providerwiesel nach neicht kascht, deen nächsten
Mount kascht daat natiirlech och 20? !!!!!!!!!!!
Alt schons eremm gett vun deenen Leit profiteiert dei desen Mount nett
oppgepasst hunn !!!!!!!!!!

Sou, elo haalen ech awer op mat der Liternei hei...


Hoffen daaten dei meechten mech verstaaanen hun, ett kennen jo aaner Leit
daat heiten iwersetzen ech hunn elo genuch getippt !

Nuecht


"Federico Gentile" <no0...@iceberg.lu> wrote in message

news:Xns937BB4AD6C1...@80.90.44.10...

Patrick Dardar

unread,
May 14, 2003, 4:32:23 AM5/14/03
to
Thorben Grosser wrote:
> nee. aus deem grond, dass vill leit msie besetzen. an wann een mat
> deem mp3en lueden well, kann et viirkommen dass deen probeiert dat am
> internen player ze spillen. dat huet bei villen leit awer nie
> funktioneiert. mee mam winzip forceiren ech si dat ganzt ze
> downloaden :)


Ech wiëlen souwisou "Save Target As...", wéll bei mir wëllt den IE och
zip-Dateien direkt mam Winzip opmaachen. Souwisou benotzen ech fir sou grouss
Dateien ën Downloadmanager, ët huët jo nach nët jhidderéen DSL ;)

Pa

--
Ferengi Rule of Acquisition #223:
Beware the man who doesn't make time for oo-mox.

Patrick Dardar

unread,
May 14, 2003, 4:30:32 AM5/14/03
to
Federico Gentile wrote:
> An wann AOL hei zulands wier, an ech misst wielen: Bei denen
> momentanen Emstänn giff ech AOL huelen!

Apropos, déi sollen dach hier Europazentral lo hei zu Lëtzebuerg
établéiren?

Pa

--
Ferengi Rule of Acquisition #203:
New customers are like razor-backed Gree worms... They can be succulent,
but sometimes they bite back!

Maurice Buijs

unread,
May 15, 2003, 4:34:54 AM5/15/03
to

"
> Ett ass 51%....

Genau an egal wous de hingees Post verdengt emmer mat et sin hir Leitungen..

Maurice


Maurice Buijs

unread,
May 15, 2003, 4:37:28 AM5/15/03
to
Ech hun lo gelies dat och an deitschland verschidden Provider den Traffic
begrenzen also schengtt Zeit vun enger richteger Flatrate definitiv riwwer
ze sinn..

maurice


CoLdStOnE

unread,
May 15, 2003, 6:55:18 AM5/15/03
to
Jo daat stemmt... Allerdings versichen ech hinnen nett mei zeginn wei ett
onbedingt muss sinn !

"Maurice Buijs" <mbu...@vo.lu> schrieb im Newsbeitrag
news:3ec35...@news.vo.lu...

Federico Gentile

unread,
May 15, 2003, 8:32:53 AM5/15/03
to
Sali,

"Maurice Buijs" <mbu...@vo.lu> wrote in alt.letzebuerger:

>> Ett ass 51%....
>
> Genau an egal wous de hingees Post verdengt emmer mat et sin hir
> Leitungen..

Dat kann een och leider net ännren. Mee wat dat mat denen 51% vun VO
betrefft: Ech hat geschter bei deren Helpdesk ugeruff, an wou ech schon
dobäi woar, hun ech mol gefrot wat dat eben ass, mat denen 51%. Ech krut
dun gesot dat wier wouer, an dat dat awer nemmen domat ze din hätt, dat si
duerch d'Post hier Produkter besser an zu méi niddregen Präiser kinnten
verdreiwen. Si wieren nach emmer en eegenen, vun der Post (bis op
d'Leidungen) onofhängegen Betrieb, an wann hier Direktioun eppes entscheed
dann kennen si dat maachen wéi si wellen, ouni dat dat Post eppes ugeet an
dat si eppes dranzeschwetzen hun.
Dat klengt jo alt winstens e bessen berouegend ...

Federico Gentile

unread,
May 15, 2003, 8:36:58 AM5/15/03
to
Salu,

Patrick Dardar <expires.2...@egalwaat.lu> wrote in alt.letzebuerger:

(...)


> Apropos, déi sollen dach hier Europazentral lo hei zu Lëtzebuerg
> établéiren?

Ganz richteg ;)
Lies: 3ec269d8$0$28222$4d4e...@read.news.be.uu.net
Letzebuerg gett emmer méi räisch ;)
Vläit kommen jo net nemmen Burö'en vun AOL heihin, mee och d'Servicer? Hm
ofwaarden ...

Eric Dondelinger

unread,
May 15, 2003, 9:10:04 AM5/15/03
to
CoLdStOnE wrote:
^^^^^^^^^
Get et eigentlech eng Charte zu alt.letzebuerger? Et wier interessant
ze wessen (wann et eng get), wat dei zu Phantasienimm seet... am
deitschen Sprochraum op alle Fall as dat net gaer gesin.
Ausserdem schingen deng Shift-Tast, "?" an "!" Problemer ze hun...

> Ajo, apropos Leitung... Dier leif Leit mat 256k Leitung... Probeier emol een
> ze fannen deen eng 1MB Leitung huet, dann gitt der emool mat dem sengem Numm
> online... Dier weert gesinn, dier kritt 1MB !!!!!! Opp der selwechter
> Leitung ??? Komisch ass awer daat Post do een ennerscheeed an den Tarifer
> mecht. 1MB Leitung muss 97? den Mount geloent ginn... An dei aaner ass mei
> belleg an geet och ;-) Ass daat dann korrekt ???

Interessant ze wessen, dass se d'Bandbreetenbegrenzung apparemment
nemmen via Username maachen.
Wat awer den mi heigen Tariff ugeet fir mei Bandbreet, verstin ech
deng Opregung net. Emmerhin mussen sie fir dest Mei un Leeschtung
och entspriechend hieren Backbone opreschten, an zoufaelleg get an
deem Bereich menges Wessens zimlech exklusiv no Daten-Volume
ofgerechent, d.h. wats du mei Traffic verursaachs (an dat mess de
an aller Regel, wanns de di entsprichend Kapaziteit hues), wat et
den Provider dann och mi deier get - IMHO as et absolut fair, dass
se dat dann weiderverrechnen.
Vlaicht sin se nach emmer deitlech an der Profitzone, vlaicht
sin se mi virsiichteg ewei aanerer am Ausland (genuch ISP'en
sin schons faillite gaang), op alle Fall muss ech soen, dass ech
seitens Post nach net vill Ausfaell hat, an relativ zefridden mat
hierem Service sin (ok, d'Aentfertzeiten op eng eMail un hieren
HelpDesk keint decidement besser sin). Ech hun selwer leiwer en
Service deen gudd klappt an eppes kascht, ewei een deen all Ablack
net verfuegbar as an weineg bis naischt kascht (schlecht - an
duerweinst kuerz - Erfahrungen mat gewessen gratis-Provider am
Land).
An, wei dat esou schein an der Free Software Community gesot get:
Do It Yourself - wanns de en Patentrezept hues fir en genschtegen
an profitablen ISP op d'Been ze setzen, dann solls de jo keen
Problem hun der Post hier Client'en ofzejoen...

Greets Eric (deen keng speziell Relatiounen mat der Post huet)

CoLdStOnE

unread,
May 15, 2003, 12:46:03 PM5/15/03
to
Moien Eric...

"Eric Dondelinger" <edondel...@gmx.net> schrieb im Newsbeitrag
news:slrnbc74da.db8....@frodo.admin.healthnet.lu...


> CoLdStOnE wrote:
> ^^^^^^^^^
> Get et eigentlech eng Charte zu alt.letzebuerger? Et wier interessant
> ze wessen (wann et eng get), wat dei zu Phantasienimm seet... am
> deitschen Sprochraum op alle Fall as dat net gaer gesin.
> Ausserdem schingen deng Shift-Tast, "?" an "!" Problemer ze hun...

Mmh, deen dooten Nickname hunn ech schons 20 Joer laang... Deen besteet aus
enger aaler Mailbox Zeit an ech haalen deen och bei well ech domadder bei
verschiddenen Leit ganz bekannt sinn.. Ech well an kann mein richtigen Numm
bei esou Saachen och wei daat heiten, nett oeffentlich posten....

> > Ajo, apropos Leitung... Dier leif Leit mat 256k Leitung... Probeier emol
een
> > ze fannen deen eng 1MB Leitung huet, dann gitt der emool mat dem sengem
Numm
> > online... Dier weert gesinn, dier kritt 1MB !!!!!! Opp der selwechter
> > Leitung ??? Komisch ass awer daat Post do een ennerscheeed an den
Tarifer
> > mecht. 1MB Leitung muss 97? den Mount geloent ginn... An dei aaner ass
mei
> > belleg an geet och ;-) Ass daat dann korrekt ???
>
> Interessant ze wessen, dass se d'Bandbreetenbegrenzung apparemment
> nemmen via Username maachen.

Daat wossten dei mannsten Leit...

> Wat awer den mi heigen Tariff ugeet fir mei Bandbreet, verstin ech
> deng Opregung net. Emmerhin mussen sie fir dest Mei un Leeschtung
> och entspriechend hieren Backbone opreschten, an zoufaelleg get an
> deem Bereich menges Wessens zimlech exklusiv no Daten-Volume
> ofgerechent, d.h. wats du mei Traffic verursaachs (an dat mess de
> an aller Regel, wanns de di entsprichend Kapaziteit hues), wat et
> den Provider dann och mi deier get - IMHO as et absolut fair, dass
> se dat dann weiderverrechnen.

Ech reegen mech dach guer nett iwert den Tarif opp vun der Leitung...
Ech reegen mech just iwert den Tarif vun 3? pro GB opp... Wann se elo z.B.
0,5? gemach hetten hett ech keen Problem domadder, mee daat dooten ass
ebessli deier...

> Vlaicht sin se nach emmer deitlech an der Profitzone, vlaicht
> sin se mi virsiichteg ewei aanerer am Ausland (genuch ISP'en
> sin schons faillite gaang), op alle Fall muss ech soen, dass ech
> seitens Post nach net vill Ausfaell hat, an relativ zefridden mat
> hierem Service sin (ok, d'Aentfertzeiten op eng eMail un hieren
> HelpDesk keint decidement besser sin). Ech hun selwer leiwer en
> Service deen gudd klappt an eppes kascht, ewei een deen all Ablack
> net verfuegbar as an weineg bis naischt kascht (schlecht - an
> duerweinst kuerz - Erfahrungen mat gewessen gratis-Provider am
> Land).
> An, wei dat esou schein an der Free Software Community gesot get:
> Do It Yourself - wanns de en Patentrezept hues fir en genschtegen
> an profitablen ISP op d'Been ze setzen, dann solls de jo keen
> Problem hun der Post hier Client'en ofzejoen...

Tjo, ett ass jo och esou, P&T Letzbuerg ass deen zweet deiersten Provider
vun der Welt... Daat huet eng REcherche vum ULC erginn ...
Keinten se dann nett evtl an Mettelmoos klammen ?? Ooh noe, fierwaat dann,
deen gudden Letzbuerger mat decker Pai kann sech daat roueg leechten ...
Ett leit doudsecher nett dorunner well sie noom Traffic bezuelen, well all
aaneren Provider hei am Land fiert och deelweis iwert den Post-Backbone,
allerdings kreien dei t'Leitungen fier een Apel an eent steck Broud...
(Daat ass jo vum ILR esou decideiert ginn)
Denn ILR allerdings huet och dei deier Preisser fiergeschriwen fier den
Telefon a.s.w.
Denn ILR huet allerdings dei Preis vun der LIMIT nett fiergeschlou !

>
> Greets Eric (deen keng speziell Relatiounen mat der Post huet)

Ooh Nuje.. Ech selwer hunn keng "mei" mat der Post ;-) Ech kennen awer nach
genuch Leit vun do...
ECh muss elo opppassen waat ech schreiwen ;-)

cu

CoLdStOnE

unread,
May 15, 2003, 12:49:21 PM5/15/03
to
Hehehe... Tjo daat ass jo gutt fier't Leit ze berouegen..

Kuck, wanns du giffs eng FIrma oppmachen wous du zu 51% Aktionär bass, wann
elo dei aaner 49 Prozent nett denger Mehnung sinn, ass leider Schnuppe...
51% Absolut Majoriteit. a.s.w. ECh mengen ech muss der jo nett erklaeren
wei daat fonktioneiert...

Maja, wanns du esou vill do drann hess, wiers du frou wanns du neicht ze
soen hess ??? Bestemmt nett... Wiers du frou wann daat net giff gemach ginn
waats de giffs soen ? Bestemmt och nett...
Mei soen ech net do derzou ;-)


cu


"Federico Gentile" <no0...@iceberg.lu> schrieb im Newsbeitrag
news:Xns937C93FEB61...@80.90.44.10...

Federico Gentile

unread,
May 15, 2003, 1:30:02 PM5/15/03
to
Sali,

"CoLdStOnE" <cold...@pt.lu> wrote in alt.letzebuerger:

[...]


>> Wat awer den mi heigen Tariff ugeet fir mei Bandbreet, verstin ech
>> deng Opregung net. Emmerhin mussen sie fir dest Mei un Leeschtung
>> och entspriechend hieren Backbone opreschten, an zoufaelleg get an
>> deem Bereich menges Wessens zimlech exklusiv no Daten-Volume
>> ofgerechent, d.h. wats du mei Traffic verursaachs (an dat mess de
>> an aller Regel, wanns de di entsprichend Kapaziteit hues), wat et
>> den Provider dann och mi deier get - IMHO as et absolut fair, dass
>> se dat dann weiderverrechnen.
>
> Ech reegen mech dach guer nett iwert den Tarif opp vun der Leitung...
> Ech reegen mech just iwert den Tarif vun 3? pro GB opp... Wann se elo
> z.B. 0,5? gemach hetten hett ech keen Problem domadder, mee daat
> dooten ass ebessli deier...

Oppassen, vläit hues du den nämlechten Rechenfehler gema wéi ech am
Ufank: All zousätzlechen Megabyte kascht net 0,30 EUR mee 0,30 Cents (net
30 Cents!). Hat am Ufank falsch gerechent an ass mer réischt herno
opgefall.

>> Vlaicht sin se nach emmer deitlech an der Profitzone, vlaicht
>> sin se mi virsiichteg ewei aanerer am Ausland (genuch ISP'en
>> sin schons faillite gaang), op alle Fall muss ech soen, dass ech
>> seitens Post nach net vill Ausfaell hat, an relativ zefridden mat
>> hierem Service sin (ok, d'Aentfertzeiten op eng eMail un hieren
>> HelpDesk keint decidement besser sin). Ech hun selwer leiwer en
>> Service deen gudd klappt an eppes kascht, ewei een deen all Ablack
>> net verfuegbar as an weineg bis naischt kascht (schlecht - an
>> duerweinst kuerz - Erfahrungen mat gewessen gratis-Provider am
>> Land).
>> An, wei dat esou schein an der Free Software Community gesot get:
>> Do It Yourself - wanns de en Patentrezept hues fir en genschtegen
>> an profitablen ISP op d'Been ze setzen, dann solls de jo keen
>> Problem hun der Post hier Client'en ofzejoen...
>
> Tjo, ett ass jo och esou, P&T Letzbuerg ass deen zweet deiersten
> Provider vun der Welt... Daat huet eng REcherche vum ULC erginn ...

Krass ... mee konnt mer bal net fierstellen dat et iergendswou nach méi
deier ass ;) Ween ass dann den deiersten?
Ech wees net ob et wouer ass, mee ech krut vun engem gesot dat d'Post
schon eng Kéier eng Verwarnung vun der Europäescher Unioun krut wins
denen Präiser an dem Monopol. Mee wéi gesot, keng Garantie ob et stemmt.

[...]

Patrick Dardar

unread,
May 15, 2003, 3:56:47 AM5/15/03
to
CoLdStOnE wrote:
> Dann drecken mier 1 Reklamm wou mier herno soen daat ett een Fehler
> vun der Drockerei ass, dann kreien mer weinstens bei der Foire och
> eremm vill Leit. Kennt derbei, dei Leit deien vill FileSharing

Daat mam Drockfehler kann ech bestätegen. Gėscht wor eng Reklamm an der Post
an do ass rieds vun 0,30 Cent pro GB. Daat soll dach wahrscheinlech MB héeschen.

Pa

--
Ferengi Rule of Acquisition #42:
What's mine is mine, and what's yours is mine too.

Federico Gentile

unread,
May 15, 2003, 4:15:52 PM5/15/03
to
Saul,

Patrick Dardar <expires.2...@egalwaat.lu> wrote in
alt.letzebuerger:

(...)


> Daat mam Drockfehler kann ech bestätegen. Gėscht wor eng Reklamm an
> der Post an do ass rieds vun 0,30 Cent pro GB. Daat soll dach
> wahrscheinlech MB héeschen.

Korrekt. Steet mettlerweil och sou op www.ept.lu

CoLdStOnE

unread,
May 16, 2003, 10:30:11 AM5/16/03
to
Wollt der mier nett gliewen ;-)

Heinsto sin meng Informationen schons zimmlech gutt ;-)

cu

"Federico Gentile" <no0...@iceberg.lu> schrieb im Newsbeitrag

news:Xns937CE29F4DA...@80.90.44.10...

CoLdStOnE

unread,
May 16, 2003, 10:34:23 AM5/16/03
to
Salut Federico,

"Federico Gentile" <no0...@iceberg.lu> schrieb im Newsbeitrag

news:Xns937CC68233E...@80.90.44.10...


> Sali,
>
> "CoLdStOnE" <cold...@pt.lu> wrote in alt.letzebuerger:
>
> [...]
> >> Wat awer den mi heigen Tariff ugeet fir mei Bandbreet, verstin ech
> >> deng Opregung net. Emmerhin mussen sie fir dest Mei un Leeschtung
> >> och entspriechend hieren Backbone opreschten, an zoufaelleg get an
> >> deem Bereich menges Wessens zimlech exklusiv no Daten-Volume
> >> ofgerechent, d.h. wats du mei Traffic verursaachs (an dat mess de
> >> an aller Regel, wanns de di entsprichend Kapaziteit hues), wat et
> >> den Provider dann och mi deier get - IMHO as et absolut fair, dass
> >> se dat dann weiderverrechnen.
> >
> > Ech reegen mech dach guer nett iwert den Tarif opp vun der Leitung...
> > Ech reegen mech just iwert den Tarif vun 3? pro GB opp... Wann se elo
> > z.B. 0,5? gemach hetten hett ech keen Problem domadder, mee daat
> > dooten ass ebessli deier...
>
> Oppassen, vläit hues du den nämlechten Rechenfehler gema wéi ech am
> Ufank: All zousätzlechen Megabyte kascht net 0,30 EUR mee 0,30 Cents (net
> 30 Cents!). Hat am Ufank falsch gerechent an ass mer réischt herno
> opgefall.

Menges wessen no, ass ett 0,30cent / MB = 3? den GB !!!!!!
0,30cent = 0,0030 ? Pro MB * 1024 MB fier 1 GB = 3,072 ? pro GB
Ech mengen deen Preiss ass zouguer nach ouni TVA... Also kommen mer opp :
3,5328? pro GB !!!!
Daat ass leider keen Rechenfehler...

> >> Vlaicht sin se nach emmer deitlech an der Profitzone, vlaicht
> >> sin se mi virsiichteg ewei aanerer am Ausland (genuch ISP'en
> >> sin schons faillite gaang), op alle Fall muss ech soen, dass ech
> >> seitens Post nach net vill Ausfaell hat, an relativ zefridden mat
> >> hierem Service sin (ok, d'Aentfertzeiten op eng eMail un hieren
> >> HelpDesk keint decidement besser sin). Ech hun selwer leiwer en
> >> Service deen gudd klappt an eppes kascht, ewei een deen all Ablack
> >> net verfuegbar as an weineg bis naischt kascht (schlecht - an
> >> duerweinst kuerz - Erfahrungen mat gewessen gratis-Provider am
> >> Land).
> >> An, wei dat esou schein an der Free Software Community gesot get:
> >> Do It Yourself - wanns de en Patentrezept hues fir en genschtegen
> >> an profitablen ISP op d'Been ze setzen, dann solls de jo keen
> >> Problem hun der Post hier Client'en ofzejoen...
> >
> > Tjo, ett ass jo och esou, P&T Letzbuerg ass deen zweet deiersten
> > Provider vun der Welt... Daat huet eng REcherche vum ULC erginn ...
>
> Krass ... mee konnt mer bal net fierstellen dat et iergendswou nach méi
> deier ass ;) Ween ass dann den deiersten?
> Ech wees net ob et wouer ass, mee ech krut vun engem gesot dat d'Post
> schon eng Kéier eng Verwarnung vun der Europäescher Unioun krut wins
> denen Präiser an dem Monopol. Mee wéi gesot, keng Garantie ob et stemmt.
>
> [...]

Nee, falsch, t'Post kruut keng vun hinnen opp den Deckel, daat ass den ILR
deen dei Preisser fierschreift... T'Post selwer huet do neicht ze
decideieren. Leider sinn sie nach deelweis Staatlich, also kennen se nett
machen wei se wellen.. ( Ausser elo hei dei Tarif erheigung, dei ass net vum
ILR komm )

cu

CoLdStOnE

unread,
May 16, 2003, 10:38:02 AM5/16/03
to
Wann der een aaneren Provider wellt hunn schreift mer eng mail op
cold...@pt.lu

Ech arangeieren eppes bei engem Provider wou dei Limiten nett huet...

Haut waar eremm een Kolleg vun mier mat enger 256er Leitung, hien huet mier
emmer gesoot daat hien sech ett nett keint Virstellen esou vill ze zeien,
hien giff dann bei der Post bleiwen...

Tjo, ech hunn dunn fier hien ungeruff um 12420, him sein Username gesoot, an
rang pang, 45 GB iwert 10GB Limit...

Tjo, daat wier eng schein REchnung ouni daat hien daat geduecht hett..
.

Rufft alleguerten un beim 12420, an froot no waat der haat deen lechten
Mount ! Dann gesitt der ett jo...

Dei dei eng Offer wellen kreien vun engem aaneren Provider deen keng Limiten
huet, deen soll mier einfach op cold...@pt.lu eng Mail machen...
"Ech beissen nett, bei der heiten Saach ginn ech massive geint t'Post" An
daat fiert dei eichten keier seitdeems ett Internet am Land gett...

cu


"Maurice Buijs" <mbu...@vo.lu> schrieb im Newsbeitrag

news:3ec351d7$2...@news.vo.lu...

Federico Gentile

unread,
May 16, 2003, 11:48:56 AM5/16/03
to
Salu,

"CoLdStOnE" <cold...@pt.lu> wrote in alt.letzebuerger:

(...)


> Nee, falsch, t'Post kruut keng vun hinnen opp den Deckel, daat ass den
> ILR deen dei Preisser fierschreift... T'Post selwer huet do neicht ze
> decideieren. Leider sinn sie nach deelweis Staatlich, also kennen se
> nett machen wei se wellen.. ( Ausser elo hei dei Tarif erheigung, dei
> ass net vum ILR komm )

Fierwat schreift den ILR dann sou héich Präiser fier? Mescht deen do
iergenden Gewenn mat oder wéi?

0 new messages