Zuėr gläicher Zäit ass ėn drėtten entfouerten Flijher zu Washington,
D.C. op den Pentagon gefall an huėt grouss Déeler vun dėsem
zerstéiert.
Nach onbestätegt ass, datt d'U.S. Air Force ėn véierten ausser
Kontroll geroodenen Flijher am Pennsylvania eroofegeschoss huėt; dėsen
ass niewent der Staad Pittsbourgh zu Buėdem gaang.
--
Jean Gangolf
Echternach/Luxembourg/Europe
http://www.gangolf.lu
"Patrick Dardar" <dar...@hotmail.com> schrieb im Newsbeitrag
news:3b9e8620$1...@news.vo.lu...
Den Schock ass onvierstellbar. All heich Gebeier zu Boston sinn evakueiert
ginn, d'Metro ass net mei gefuer, dei ganz Gegend wierkt ewei eidel.
Wei sinn d'Reaktiounen zu Letzebuerg?
Marc
"Jean Gangolf" <jean.g...@gangolf.lu> wrote in message
news:3b9ef686$1...@news.vo.lu...
Ëhm, néen, sinn zu Lëtzebuerg. Ech wollt einfach dës Meldung ofginn.
Ech géing ët interessant fannen wann an den lëtzebuergeschen
Newsgruppen mol méi op d'Aktualitéit agaang géif gin. Ech hun
d'Noriicht och an lu.news geschéckt, duerfir ass dës Grupp jo wuël do.
An lu.politics hun ech och nach eng aaner Noriicht fonnt. Ech fannen
ët schuëd datt an den letzebuergeschen NG'en nët vill diskutéiert gët,
duerfir sollt dësen Posting ë kléngen Ureiz sinn.
Bestëmmten auslännesch Gruppen laafen momentan iwwer vun Kommentaren.
Pa, -déen den 11.09.2001 als ée Wendepunkt an der Geschicht ugesäit
Nujo, së sinn all entsaat. Egal wou hin éen géet, Thema Nr.1 ass déi
Katastroph. D'amerikanesch Ambassad um Lampertsbierg gouf mol
oofgesëchert. Sëcher ass sëcher.
Baal op sämtlechen TV-Kanäl laafen nëmmen Reportagen iwwert d'Ongléck
an all méiglech Niëwenaspekter. Den Premier Juncker huët och schon
Stellong dozou geholl.
"Soss" ass eigentlech näischt aaneschteres zë beriichten.
Pa' nach vill Chance fir iech dohannen wënschend 'trick
> Ech géing ët interessant fannen wann an den lëtzebuergeschen
> Newsgruppen mol méi op d'Aktualitéit agaang géif gin.
Dat wier wirklesch wenschenswert....
> duerfir sollt dësen Posting ë kléngen Ureiz sinn.
Majo, ech denken mol wei bestemmt vill anerer och dat dat do eng
riesensauerei as, eppes wou en puer deeg braucht fier et ze fassen.
Ausserdem as et immens feig fier onschelleg leit do mat ran ze zeihen.Wat
awer lo muss vermeid gin as, dat blann zereckgeschloen get,well soss ensteed
nach mei hass wei lo schons as...
Komesch an immens erschreckend as,dat dat an engem land wei Amerika
geschidd, dei die soss dach emmer alles am greff hun, dei leit doeenen
mussen dach immens schockeiert sin dat dat an der superweltmacht geschidd
as,krass as dat en 4 Fliegeren just brauch fier Amerika aus den angelen ze
hiewen, do ensteht en gefill vun totaler Helleflosegkeet.
Wei gesoot, et as pervers dat et an numm vun enger religioun geschidd, dat
as dach en widdersproch un sech..
> Pa, -déen den 11.09.2001 als ée Wendepunkt an der Geschicht ugesäit
Ech gesinn et aehnlech, denken awer dat och vlait eppes positives derbei
rauskennt an mier alleguerten ais vlait mei intensiv mat denen leit befassen
waerten..
Ausserdem mussen mer dei erkenntnis hun dat sou eppes sech all daag an op
all platz sech wiederhuelen kann, dei absolut secherheet get et net....
Ech hoffen just dat dei leit op den wichtegen positiounen en kaalen kapp
behaalen an sech net zu falscher rache an sou hinreissen lossen, well soss
setzen se sech op dei selwescht stuf wei dei dei dat do ze veraentwerten
hun..
Do muss gezielt rechercheiert gin an dann soll et krachen.
Majo, meng gedanken sin jiddenfalls bei denen villen victimen an hiren
familien..
Maurice
Maurice Buijs a écrit :
........................ snip ........................
>
> et as pervers dat et an numm vun enger religioun geschidd, dat
> as dach en widdersproch un sech..
>
....................... snip .........................
Do hun der gebläert : " Gott as grouss ! ", an hu sech gefreet, datt
-zeg Dausende vu Leit onbeschreiwlech brutal verdillegt goufen ...
Domadder wir de Widdersproch bewisen !!!
A wéi dacks war dat schon an der Geschicht esou ???
Wat hun di al Réimer gemaach ? - Wat waren d'Kräizzich ? - Wat
war d'Inquisitioun ? - fir nėmmen dorun z'erėnneren ....
Hoffe mer, datt dee sauméissege Fanatismus ( egal ėnner watfirengem
Deckmantel ) verschwėnnt ! - Fir ėmmer an éiweg !!!
Wann ėt en HärGott gėt, ( egal wéi Hie genannt gėt ), da muss grad - a virun allem
! - all gleewege Mėnsch - egal vu watfirenger Religioun, datdo als fierchterleche
Schlag an d'Gesiicht vun HIM ugesinn .......
D'Wieder féle mer fir d'Matgefill mat allen Onschėllegen an
hirer Famill ze beschreiwen ...
Iwregens, 't gi Siten, wou ee säi Bäileed ausdrécke kann.
... Zoufälleg elo bei Hotmail entdeckt ...
Bis soss,
Gréiss un s'all, an der Hoffnung, datt dat nėt nach schlėmmer Konsequenzen fir
Onschėlleger huet ...... - egal vu wou ...
Fraenz
* L'infāme se sert de Dieu et sert le Diable * [ FF ]
-----------------------------------------------------
Mir sin extrem frou, dat mir hei den Radio RTL hun!!! Do gët een wéinstens
nët permanent belästëgt mat sou nen katastrophalen Norichten!!! Emmer schéin
weider lëschtëg (domm bis dämlëch) Musek spillen, wann et dann sin muss,
séierst méiglëch e puer Meldungen iwwert Pronostiken (vun Doudegen). Well
den Mensch verlangt Blutt ze gesinn! Sou wäit rof ass den Sender schon komm,
an en Enn vun der "Talfahrt" ass nach net ze gesinn!
Wat denken déi "normal" Mënschen?
Sie sin geschockt! Krass ausgedréckt: Wann irgendzwoug an der Welt en
Ongléck geschitt, Bommen eroffallen, dann ass dat halt eben schlëmm... Wann
dat awer enzwousch geschitt, wou vill Lëtzebuerger schon waren/sinn; an
derbäi nach Leit getraff gin, déi hierer egener Mentalitéit relativ no
kommen, sou ass dat eppes onverhältnismässëg vill méi schlëmmes!!!
Mäin Zynismus soll wegl. net sou verstan gin, dat ech denen Terroristen
zouhalen!! Ech well just zum Ausdrock gin, datt eis Haltung; déi vun der
westlëcher "ziviliséiert" Welt ganz dacks ganz schéin iwwerhiewlëch ass
vis-a-vis vun aneren (safran/schokolas-farwegen) Leit! HUet net souguer och
eisen JCJ sech sou ausgedréckt, dat déi ganz "zivilsèiert" Welt geschockt
ass??!! WIEN ass dat dann???? Just déi Länner, déi den Amerikaner an irgend
enger Weis no stinn????
Wéi schon mol gesot, ech hun absolut keen Verständnis vir sou Aktiounen. Mä
et misst an den Käpp vun den Politiker/Manager an all aner betraffen
Persounen mol doriwwer nogeduecht gin, dat d'Welt net nëmmen aus
Konsumenten/Arbëchtskräften an zëgprozentëgen Zouwuessraten am Profit
besteet!
Gëll, et klengt schon witzeg, wann en (klengen) Geschäftsmann sou
marxistësch ungehauchten Iddien lassléisst... ;-)
--
Jean Gangolf
Echternach/Luxembourg/Europe
http://www.gangolf.lu
PS. Ech sin immen geschockt, dat sou en groussen Apparat wéi den CIA & CO.
net emstann waren, nëmmen en soupcon ze hun, wat do op se duerkéim!!! An et
besteet ze fäerten, datt den superintelligenten "Cowboy" näischt besseres
weess ze machen, wéi (Zitat en fréieren Mossad-Agent gëschter op der
däitscher Tele) "arrest the usual suspects"! Soll heeschen: Dranschloën bis
datt et knuppt! Geroden mir nët den richtegen, ass et och egal, déi
Getraffen waren mat Sëcherheet an irgendenger Art an Weis mat Schold... !
Op engem aneren Radio (definitiv NET den RTL!) hat ech en Interview mat dem
Henry Kissinger gehéiert... Virwat ass nët sou en Mann Präsident??? Et misst
en vill manner Angscht virun engem neien Weltkrich hun !!!
[Neue Presse Hannover]
US-Regierung zweifelte an Warnung aus Hannover
Es ist ein Schock. Die Spuren des Terrors führen auch nach Hannover: Ein
iranischer Abschiebehäftling in Langenhagen wollte den amerikanischen
Präsidenten und seinen Secret Service warnen. Niemand nahm ihn ernst.
Rätsel um Ali. S. (29) aus dem Iran. Der Mann, der vor Wochen illegal nach
Deutschland einreiste. Er war in Goslar von der Polizei festgesetzt worden
und sollte bis zum 6. November in seine Heimat abgeschoben werden. Seit
einem Monat bedrängte er Bedienstete der Abschiebehaft Langenhagen.
"Ich habe wichtige Informationen für die USA," sagte er den JVA-Beamten. Er
müsse dringend dort anrufen.
Das wurde ihm erlaubt. Folge: Im Weißen Haus wurde aufgelegt, als sich Ali
S. als Häftling identifizierte.
Für den Secret Service waren die Warnungen des Mannes nur Geschwätz. Ali S.
hatte jedoch eindeutig diese Woche als Zeitpunkt für Anschläge genannt, "die
die Weltordnung verändern" würden.
Der Iraner wurde in Langenhagen als psychisch labil eingeschätzt. Er ließ
jedoch nicht locker, wandte sich am vergangenen Freitag dringend an die
zuständige Abteilungsleiterin. Er wisse, dass in der kommenden Woche etwas
passieren werde.
Noch Stunden, bevor die zwei Linienmaschinen die Türme des World Trade
Center rammten und sich ein Flugzeug auf das Pentagon stürzte, sprach Ali S.
von Informationen über eine Gefährdung der Weltordnung. Er wolle dem
amerikanischen Präsidenten ein Fax senden. Das wurde abgelehnt. Die JVA
Langenhagen wertete das Verhalten als Wichtigtuerei.
Nach NP-Informationen gehen die Ermittler jetzt davon aus, dass der Iraner
tatsächlich Kontakt zu Regierungseinrichtungen der USA gesucht hat. Es sei
gut möglich, dass er über Informationen verfüge, die für die Aufklärung der
Anschläge wichtig sein könnten.
Erst am Mittwoch erfuhr das niedersächsische Justizministerium von den
Telefonaten. Das Innenministerium in Hannover wurde informiert. Es schaltete
daraufhin das Schily-Ministerium in Berlin ein.
Am Donnerstag vernahmen Secret-Service-Mitarbeiter und Generalbundesanwalt
den Iraner. Ergebnisse unbekannt.
--
Please remove *ahk97pwq* in my adress before replying !
> http://www.neuepresse.de/usa_terrorwelle/102836.html
>
> [Neue Presse Hannover]
Moien,
Also wann dat do stemmt, dann mussen sech der vill matverantwortlech fillen
an waerten onroueg schlofen..
Maurice
Ohja, wat wier Welt ouni Rthell........
> eisen JCJ sech sou ausgedréckt, dat déi ganz "zivilsèiert" Welt geschockt
> ass??!! WIEN ass dat dann???? Just déi Länner, déi den Amerikaner an
irgend
> enger Weis no stinn????
Dat stemmt och rem ech denken alt mol dat se domadder dei mengen dei keng
Fligeren op Heiser schmeissen...
>
.> Persounen mol doriwwer nogeduecht gin, dat d'Welt net nëmmen aus
> Konsumenten/Arbëchtskräften an zëgprozentëgen Zouwuessraten am Profit
> besteet!
100%teg richteg dofier fier den Satz do misst all politiker oder Manger an
den Buero gehangen kreien...
>
> --
> Jean Gangolf
> PS. Ech sin immen geschockt, dat sou en groussen Apparat wéi den CIA & CO.
> net emstann waren, nëmmen en soupcon ze hun, wat do op se duerkéim!!!
Mir hun eis alleguerten zimlech secher gefillt, gin jo awer och rosen wann
mer irgendwou gefilzt gin oder Kameraen haenken dann kommen direkt dei vum
Datenschutz an sou.En den neischt ze verstoppen huet dem misst dat dach
Wurscht sin.
Dann huet jo och keen Mensch mei zeit ech muss innerhalb enger halwer Stonn
am Fligger setzen, an sou man wei meiglech Kontrollen, domatt waert et lo
riwwer sin.Secherheet muss erheischt gin egal wat et kascht, och wann
dodurch Flugreesen beschen mei deier gin awer Secherheet misst all Mensch
dat waert sin..
> datt et knuppt! Geroden mir nët den richtegen, ass et och egal, déi>
Getraffen waren mat Sëcherheet an irgendenger Art an Weis mat Schold... !
Tjo dei Gefoer besteht, awer ech gin hinnen Recht wann se soen dat net
nemmen dei direkt verantwortlech, mei och dei dei se ennerstetzt hun mat eng
op den Deckel kreien, dann iwwerleet munch dubios Regierung sech et vlait 2
mol sou engem Ennerstetzung an Ennerschlupf get.
Et brengt neischt wann mer an Afghanistan z bsp alles an en Koupp scheissen
an do irgendengem Geesenbauer sein Zelt an Loft joen, well dann ensteht jo
rem neien Hass, awer wann se et machen wei diemols mam Ghaddafi, gezielt
sein Palast an en Koup scheissen(vun dem Daag un as den kleng wei eng
Meischen), dann as dat eppes anescht, an mier setzen eis net op den Niveau
vun sou topeschen fanatiker rof.
Auge um Auge Zahn um Zahn dat huet et anch bruecht.
Dann denken ech wier et och wichteg dem terror einfach besschen den
naehrbuedem wechzezeihen, d.h, denen friedlechenLeit hellefen aus dem Armut
raus , asw, sou dat denen hir fannatesch Theorien net op fruchtbaren Buedem
falen
> Henry Kissinger gehéiert... Virwat ass nët sou en Mann Präsident??? Et
misst
> en vill manner Angscht virun engem neien Weltkrich hun !!!
Denken jomol dat Europaer genuch Afloss hun dat schlemmst ze vermeiden...
> Dat stemmt och rem ech denken alt mol dat se domadder dei mengen dei keng
> Fligeren op Heiser schmeissen...
"Ziviliséiert" Leit/Länner geheien Bommen op Gebeier, déi eidel stinn???
Wéinstens, wann en dem CNN glewen kann, no den Biller aus dem Golf-Krich ...
> Et brengt neischt wann mer an Afghanistan z bsp alles an en Koupp
scheissen
Wann en awer héiert, wéi se no Blutt (keen Spenderblutt!!) jäizen; muss en
awer grad dat fäerten!
> an do irgendengem Geesenbauer sein Zelt an Loft joen,
Seng Schold, en huet bestëmmet eng Kéier dem bin Laden Geessemëllech
geliwwert ... <gehässeg Grinsen>
> Dann denken ech wier et och wichteg dem terror einfach besschen den
> naehrbuedem wechzezeihen, d.h, denen friedlechenLeit hellefen aus dem
Armut
> raus , asw, sou dat denen hir fannatesch Theorien net op fruchtbaren
Buedem
> falen
Do wieren mir nees bei denen "marxistëschen" Theorien. Schéin a gudd (an
virun allem richtëg Iwwerleung!!!); awer zefridden Leit sin schwéier ze
motivéiren fir ze "kämpfen" etc. An woumat verdengt en an dëser Welt nach
ëmmer am meeschten gudd Geld? Fräi no denen superintelligneten Quiz-Show's:
a) Schoklas Bonboen
b) Toilettenpobeier
c) Waffen
Bingo, en gesin schon, den Kandidat huet d'Fro absolut richtëg beäntwert...
;-)
--
Jean Gangolf
Echternach/Luxembourg/Europe
http://www.gangolf.lu
PS. Ech léen ëmmer nach Wäert drop, ze betounen, datt ech den Terror-Akt an
kengster Weis fir gudd kann halen !!!
Sollen se dann wirklech sou topesch sin, et muss en bedenken dat wann en am
verglach ais Heichhaus mat engem Fliger geif ugreifen an et souvill
Doudeeger geif gin , op mir net och geifen sou reageiren..Ech denken an
hoffen mol dat se kalen Kapp behaalen, bis lo huet et jo mol geklappt...
> Seng Schold, en huet bestëmmet eng Kéier dem bin Laden Geessemëllech
> geliwwert ... <gehässeg Grinsen>
Wann dei un den Kneppercher et och sou gesinn kennen mer ais jo op eppes
gefasst machen...
> a) Schoklas Bonboen
> b) Toilettenpobeier
> c) Waffen
Du hues Slipeinlagen vergiess;-))
>
> Bingo, en gesin schon, den Kandidat huet d'Fro absolut richtëg
beäntwert...
> ;-)
Wat huet den Kandidat dann lo gewonn en Weekendtrip an Afghanistan?
>
> PS. Ech léen ëmmer nach Wäert drop, ze betounen, datt ech den Terror-Akt
an
> kengster Weis fir gudd kann halen !!!
Dat as jo zimlech kloer denken ech mol...
Maurice
>
>
> verglach ais Heichhaus mat engem Fliger geif ugreifen an et souvill
> Doudeeger geif gin , op mir net och geifen sou reageiren..
Mat Sëcherhet genau d'selwecht! Just wann mir denen Aneren mat eisem Militär
wellen Angscht machen... ;-)) Näischt fir ongudd, Jongen um Bierg!! Ech
respektéiren Iech genau sou wéi all aner Leit :-)
> Wat huet den Kandidat dann lo gewonn en Weekendtrip an Afghanistan?
Oder eng Woch op Iolo / Philippinen. Däerf's De dir aussichen... ;-)
Sou, lo ass et awer mol genuch mat dem Gestëppels... ;-) Lo gin ech an den
Weekend!!!!
Dat as dat wat villen leit fehlt Respekt an Toleranz vis avis vun denen
aneren, wann dat geif klappen wier villes an der welt anescht an sou
schrecklech sachen keimen einfach net fier
>
> Oder eng Woch op Iolo / Philippinen. Däerf's De dir aussichen... ;-)
ohje dann leiwer en weekend blankenberghe oder sou..;-))
>
> Sou, lo ass et awer mol genuch mat dem Gestëppels... ;-) Lo gin ech an den
> Weekend!!!!
ech och kuken nach besschen cnn an dann seier an fatzekescht..
trotz allem scheinen weekend..
maurice
>