Google Groups no longer supports new Usenet posts or subscriptions. Historical content remains viewable.
Dismiss

Politik made in Luxembourg

0 views
Skip to first unread message

Maurice Buijs

unread,
Jul 23, 2004, 8:17:00 PM7/23/04
to
Wei as et meiglech, dat leit dei firun 5 Joer ofgewielt gin sin lo rem mat
an eng Regierung sollen kommen?Vun puer neien Gesichter ofgesinn sin et dach
rem deiselwescht..

Komesch fannen ech..

Maurice

--
Visit us at
www.echternach-online.lu
Sign our guestbook


Steven Hansen

unread,
Jul 23, 2004, 11:35:58 PM7/23/04
to
Maurice Buijs a écrit :

> Wei as et meiglech, dat leit dei firun 5 Joer ofgewielt gin sin lo rem mat
> an eng Regierung sollen kommen?Vun puer neien Gesichter ofgesinn sin et dach
> rem deiselwescht..
>
> Komesch fannen ech..

Wéi soot ee Kolleg zum Thema Wahlen:

"Vox populi, vox rindvieh"

Jean Gangolf

unread,
Jul 24, 2004, 2:57:53 AM7/24/04
to
Am Sat, 24 Jul 2004 02:17:00 +0200 schrieb Maurice Buijs <mbu...@pt.lu>:

> Wei as et meiglech, dat leit dei firun 5 Joer ofgewielt gin sin lo rem
> mat
> an eng Regierung sollen kommen?

Sie goufen eben dës Kéier _net_ ofgewielt (op déi kleng Nuance oppassen)
;-)

--
Jean Gangolf
Echternach - Luxembourg - Europe
www.gangolf.lu

Patrick Dardar

unread,
Jul 24, 2004, 8:50:22 AM7/24/04
to
Maurice Buijs wrote:
> Wei as et meiglech, dat leit dei firun 5 Joer ofgewielt gin sin lo
> rem mat an eng Regierung sollen kommen?Vun puer neien Gesichter
> ofgesinn sin et dach rem deiselwescht..

Dat wor, wéi's de sées, firun 5 Joër. Mëttlerweil woren rem Wahlen ;)

Wat ech méi blöd fannen, ass, mat wat fir engen komeschen Entschëllegongen
verschidden Leit hin an hir bugséiert gin. Z. Bsp. d'SOS-Erna
(dée Sproch hun ech nach vun engem aalen Schüler-auto-collant, kennt
éen déen nach?) gët lo op Bréissel oofgeschiwwen. Firwat? Angeblech
wéll hatt zë aal wir. Jo, an fir Bréissel géet ët dann nach?
Wéi ët dat gewuër gouf, wor ët jo net immens frou an huët dat och de
Medien matgedéelt, mëttlerweil schwätzt hatt a si ower jhust nach dovun,
wat fir eng gudd Aarbescht ët am Kulturministère geléescht huët.
An vum Bauteministère schwätzt kéen méi? Wéll do nach zëvill Läichen
am Keller leien (Pesch, Pei-Musée...)?

Ass dat dann iwwerhaapt normal, datt wann éen Politiker séng
"Schëllegkéet" hei zuland gemaat huët, dann op Bréissel sëch
relaxéiren géet? Ech wées nemmi, wiën ët gesoot hat, mä ech mengen
ët wor den Chamberspresident. Wéi ën opgehaalt huët, sot ën, hi ging
sëch mat 70(?) Joër nach laang net zum aalen Eisen fillen an duerfir
weidermaachen (EU an sou...). Firwat därf déen an déem Alter dann
iwwerhaapt nach weider schaffen goën, jhust wéll ën Loscht huët?
Aaner Leit mussen mat 65 ophaalen mat schaffen, och wann së nach kinnten
an willten; së mussen sëch dann mat enger heiansdo dach armséileger
Pensioun zëfridden ginn. Di Hären an Dammen Politiker drécken eng roueg
Kughel bis an ën héijhen Alter eran an haalen éischt op, wann ët hinnen
passt an së genuch um Kont hun oder nach mi spéit. An di Jonk, di wëllen
nokommen an d'Politik, kënne warden bis së schwarz ginn (opgepasst, Wuërtspill).

Pa

--
# Top 100 Things I'd Do If I Ever Became An Evil Overlord:
Once my power is secure, I will destroy all those pesky time-travel devices.

0 new messages