Grad hunn ech de Bericht um RTHell iwwer DSL gesinn a si genau sou
schlau wéi virdrun. Der P&T hiere Site ass och wéi ëmmer genial
informativ sou dass ech emol net erausfannen, wat d'Pond Bandbreet dann
elo kascht. Et steet zB do, de Modem géif just nach 195 Euro kaschten
(ISDN), an der Präislëscht steet nach ëmmer 255 Euro...
Kann ee mer soen, wat dann elo d'Linn mam Abo genee kascht (Egal ob 256,
512 oder 1024, just präziséieren)? Ech krut gesot, den ISDN wier am
Präis mat dran, déi Info fannen ech awer néierens.
Wéi ass et a Wierklechkeet mat der Vitesse? De Jang am Reportage huet
gemengt hie géif e Fichier vun 18 MB elo an 2 Minutten downen. Eischtens
war et vum Postserver, méi séier geet jo wuel net, zweetens huet en
näischt vum Connection-Speed gesot...
Ass d'Installatioun wierklech esou einfach wéi gesot? Enner XP soll
anscheinend alles direkt lafe mam XP-Driver...
Huet vläicht een en Eltrona-Accčs? Fir mech kënnt et net a Fro, mir hunn
d'Coditel an déi halen et nach net emol fir néideg op en E-Mail ze
äntweren.
Greets,
Thierry
Eure Nahrungsmittel sollen eure Heilmittel sein,
und eure Heilmittel sollen eure Nahrungsmittel sein. (Hippokrates)
**************************************************************
E-Mail : he...@village.uunet.lu - ICQ : 1099371 (Henk)
Homepage : http://gallery.uunet.lu/henk/
**************************************************************
salut och
> Grad hunn ech de Bericht um RTHell iwwer DSL gesinn a si genau sou
> schlau wéi virdrun. Der P&T hiere Site ass och wéi ëmmer genial
> informativ sou dass ech emol net erausfannen, wat d'Pond Bandbreet dann
> elo kascht. Et steet zB do, de Modem géif just nach 195 Euro kaschten
> (ISDN), an der Präislëscht steet nach ëmmer 255 Euro...
>
> Kann ee mer soen, wat dann elo d'Linn mam Abo genee kascht (Egal ob 256,
> 512 oder 1024, just präziséieren)? Ech krut gesot, den ISDN wier am
> Präis mat dran, déi Info fannen ech awer néierens.
zum prais kann ech dir zwar leider och naischt genaues soen well hir
praislescht anschengt net aktuell ass, mä ech hun bis elo
mol all mount 3500.- frang bezuelt, an do ass den abo fir den isdn effektiv
abegraff
>
> Wéi ass et a Wierklechkeet mat der Vitesse? De Jang am Reportage huet
> gemengt hie géif e Fichier vun 18 MB elo an 2 Minutten downen. Eischtens
> war et vum Postserver, méi séier geet jo wuel net, zweetens huet en
> näischt vum Connection-Speed gesot...
>
vun der vitesse wärts de schon angenehm iwwerrascht sin, net nemmen beim
post-server :-)
natirlech gin et och ausnahmen; ass dei aner sait den server down oder
iwwerlascht kanns de
roueg mat 3 dsl-linnen kommen, an et leeft nach ewell keng :-) am
allgemengen erreechs de dei
vitesse dei deng linn zouleisst. bei engem schnellen server an net vill
traffic zeguer mei
> Ass d'Installatioun wierklech esou einfach wéi gesot? Enner XP soll
> anscheinend alles direkt lafe mam XP-Driver...
>
stemmt, ech hat mir t'liewen schweier gemacht well probeiert hat
t'post-treiberen um xp
ze installeieren. dat ass du natirlech net gangen :-) op nofro bei der post
sin ech du opgeklärt gin
dass den xp schon alles integreiert huet. bannent 2 minutten bass am
internet, dat geet wirklech
flott, dei installatioun
> Huet vläicht een en Eltrona-Accès? Fir mech kënnt et net a Fro, mir hunn
> d'Coditel an déi halen et nach net emol fir néideg op en E-Mail ze
> äntweren.
>
sorry, hat emmer siemens. hun dei oofgeschoss an fueren lo just nach iwwert
parabol:
op lang siischt mei belleg, mei programmen, besser qualiteit 'und premiere
is auch schon drin' :-)
hoffen dass dat heiten deng froen weinstens deelweis beäntwert huet,
Änder
[ADSL]
>zum prais kann ech dir zwar leider och naischt genaues soen well hir
>praislescht anschengt net aktuell ass, mä ech hun bis elo
>mol all mount 3500.- frang bezuelt, an do ass den abo fir den isdn effektiv
>abegraff
Di 3500 LUF si bei mir och, wuehlverstaan fir di 256/64 Variant.
Et kommen jhust nach d'Telefonsgespreicher dobei.
[Vitesse]
Bei engem FTP transfer (mat dat seiertst fir Fichier'en ze
verschecken) kommen ech op 30KByte/sec - also net grad den
Nennwert vun 32KB/s. Bei der Standleitung am Betrieb as dat
liicht besser.
Ausfaell hat ech nach weider keng, jhust eemol dass d'Leitung
en weineg lues wor (gemierkt ewei ech emol 3 Deeg laang CD
Images vun Linux erofgelueden hun, an dass dat _wierklech_
net virugoung - bei daer Geleenheet huet zweschenduerch och
eng Keier d'IP Adress gewiesselt).
[XP]
Keng Ahnung, ech benotzen mi serioe Saachen ;-)
Enner Linux huet een d'Leitung mam rp-pppoe (vun roaring penguin)
an Nullkommanaischt um Laafen. Login a Passwuert ugin, un wat fir
enger Reseauskaart haenkt den ADSL Modem, a schons as et gudd.
>> Huet vläicht een en Eltrona-Accès? Fir mech kënnt et net a Fro, mir hunn
>> d'Coditel an déi halen et nach net emol fir néideg op en E-Mail ze
>> äntweren.
Dann hat ech mat der Coditel mei Chance, sie haten mer (no laanger
Zeit) tatsaechlech emol geschriwen (Ugangs 2000 wor dat) dass se
nach keen Internet iwert hieren Reseau geplangt haetten, mee dass
se d'Leit gengen um Laafenden halen.
Vue dass ech elo glecklech sin mat ADSL waert ech net op den
Teles-Reseau zreckgreifen mussen (wat souwisou nemmen interessant
as wann deen Reseau och bidirektionell funktioneiert, i.e. keen
Telefon mi neideg as).
Greets & hth, Eric
Di Reportag um RTellen wor relativ räissereg opgemaat: "lo gi mer mol
bei ėn 'Computerfreak' héem" ...
An d'Post (Pii Tii Lacksembörg) ass natierlech sou informativ wéi ėmmer,
sprech guėr nėt.
Ach haat firun ė puėr Méint (oder woren ėt Joėren) mech mol op pt.lu ė bessen
duerchgewullt an ėn pdf-fichier fonnt mat den Präisser:
Do stoung mol eppes vun ėm di 2500 Luf fir LuxDSL an dann nach 2500 Luf
fir den Internetzougang, do gouf ower och nach ėnnerschéed tėschen Analog an ISDN.
Mä 5000 Luf de Mount schenge mer ė bessen happeg, ...obschons d'Post :(
> Wéi ass et a Wierklechkeet mat der Vitesse? De Jang am Reportage huet
> gemengt hie géif e Fichier vun 18 MB elo an 2 Minutten downen. Eischtens
> war et vum Postserver, méi séier geet jo wuel net, zweetens huet en
> näischt vum Connection-Speed gesot...
Ma, dann rechne mer mol (lo sinn ech gespaant):
18MB = 18432 KB = 18874368 Bytes = 150994944 Bit
2 Minutten = 120 Sékonnen
150994944 Bit an 120 Sékonnen sinn 1258291,2Bit/Sékonn
also 157286 Byte/Sékonn, also 153,5Kb/Sékonn.
Daat kėnnt ower nėt ganz un di wéinstens 256KB/sec run di d'Post versprėcht ;)))
(Lo verkloė mer mol den RTL an d'Post wéngst onlauterer Reklamm)
> Huet vläicht een en Eltrona-Accčs? Fir mech kėnnt et net a Fro, mir hunn
> d'Coditel an déi halen et nach net emol fir néideg op en E-Mail ze
> äntweren.
O mamm, d'Eltrona. Firun, ech wées nėt, 2 oder 3 Joėr haat wuėl iergendeng
Sekretärin vun "Kabelmodem" héiren, an wéll daat graad "in" wor, hu sė direkt
Gerüchter an Ėmlaaf gesaat. Datt sė daat gingen aféiren (wéi ėn Zäppchen),
ower jhust zu Bouneweg an der Staad, wéll sė do um Kaltreis hier Station hun.
Och nach jhust als Beta-Test. An, o waat ėn Zoufall, wunnen ech jhust zu
Bouneweg.
Ech also direkt mol bei Eltrona ugeruff (géint 15:00). Kéen do, jhust
d'Äntwertmaschinn ass gelaaf. Hmm, dann wärten sė alt jhust hiėr Nomėttespaus hun.
Den Daag drop ėm 14:00 probéiert, nach ėmmer kéen do. Hmm, vläit ass nach kéen do?
Um 15:00 ower och rėm kéen.
Eng Woch drop, rėm nomėttes, endlech, eng Sekretärin. "Néen, 't déet mer léed,
den responsablen Här souansou ass momentan ėnnerwée, rufft wgl spéider nach eng
Kéier zréck". Ėpuėrmol duerno, wor den Här nach ėmmer nėt do.
Hrmpf. Eng Zäitchen drop wor ėn dunn endlech do: "Ah néen, 't déet mer léed, den
Betatest ass nach an enger ganz fréier Phase, ėn ass nach nėt öffentlech"
An daat no ėmmerhin 5 Méint schons?
No ė puėr Méint haat ech mech dunn rėm un d'Eltrona erėnnert, mä nach ėmmer näischt.
Dunn haat ech fir ėn 3/4's Joėr vergiėss. Rem ugeruff: "'t déet mer léed, den Betatest
ass schons baal eriwwer, do hätt der missten éischter froėn."
Ech konnt mer dunn ėn neien Dėsch kaafen, wéll ech an déen aalen gebass haat.
An lo stéet op hierer Säit schon zėnter engem Joėr, datt sė gingen den Kabelmodem
aféiren, mä ėt wieren jhust nach Problemer mat der Post auszehandelen.
Ma daat gléewen ech gär, ass jo d'Konkurrenz.
Also néen, fir mech ass den Thema Kabelmodem/Eltrona gestuerwen.
Ech hoffen, ech hun iech ėlo nėt zevill gelangweilt an ginn meng Plaaz als
Allengėnnerhaaler oof.
Pa' waat fir éen Frust! 'trick
D'Preisser wees ech net mei auswaenneg (ech hun net esou genee
gekuckt, vue dass ech souwisou un der Coditel haenken), mee dat
sollt een direkt bei der Eltrona gewuehr gin:
http://www.eltrona.lu/
http://www.eltrona.lu/fr/promotions/tvsurf.html
http://www.eltrona.lu/fr/promotions/index_1.html
Ob di Problemer mat der Post nach sollen bestoen, keng Ahnung,
emmerhin woren se d'lescht Joer ganz happy fir hier Saachen do
ze annonceieren (zeiglaich mat der kommerzieller Offer vum
LuxDSL seitens Post).
Greets & hth, Eric
Jo, ech färten di Säiten do sinn nët immens aktuell, genausou wéi
hieren Videotext. Iergendwéi ginn di Bréedbandléisungen hei zu
Lëtzebuerg stéifmütterlech behandelt. D'Post séet, DSL wier sou deier,
wéll nach nët vill Leit ët hunn, wann méi Leit kéimen, ging ën och méi
bëlleg ginn; aanerersäits wann ën nët bëlleg ass, kéeft och kéen ën.
Pa' Bréedbandjunkie 'trick
>Jo, ech färten di Säiten do sinn nët immens aktuell, genausou wéi
>hieren Videotext. Iergendwéi ginn di Bréedbandléisungen hei zu
>Lëtzebuerg stéifmütterlech behandelt. D'Post séet, DSL wier sou deier,
>wéll nach nët vill Leit ët hunn, wann méi Leit kéimen, ging ën och méi
>bëlleg ginn; aanerersäits wann ën nët bëlleg ass, kéeft och kéen ën.
Hmm... also ech muss soen, di 3500/Mount si schons net onbedengt
weineg, awer et as bei mir manner wei mech den ISDN kascht huet,
bei besserer Leeschtung -> ech ka gudd domat liewen. Realistesch
gesin geet jo och fir di meeschten Saachen ISDN (nach) duer,
zumools wann een d'Chance huet am Betrieb eng anstaenneg
Standleitung kennen ze benotzen ;-)
An et mag elitaer oder wat och emmer klengen, mee soulaang net
vill Leit den LuxDSL benotzen, dierft den Service weider klappen -
net weineg Provideren hun enner zevill Undrang ferm missen
zreckschrauwen, an dat geng ech fir d'Post net wellen (well mer
jo och keng Alternativen hun).
Den Witz mat den Preisser as och dass di Breedbanduschless fir
den Provider och deck Backbone-Leitungen bedeiten, an dei sin
alles ewei net belleg. Do huet sech munchen ISP verkalkuleiert
an huet schlussendlech an d'Gras gebass (kuck dei seit dem
groussen Teich resp. och nemmen iwert d'Musel).
Greets Eric
Hallo.
Ich habe mal die verschiedenen Postings hier durchgelesen und muß
feststellen das Internet und DSL bei euch ja noch richtig sauteuer ist! Bei
uns bezahlt man für einen T-DSL Zugang mit ISDN monatlich 1439 Luf. Für die
DSL-Flatrate kommen nochmal 1009 Luf dazu. Das würde zusammen dann nichtmal
das kosten was bei euch der DSL Zugang kostet. Bislang dachte ich das es bei
euch halt eben etwas billiger ist als bei uns. T-Online verspricht übrigens
eine Verbindung mit 768 Kbit/s was aber, wie ich von Bekannten weiß, in den
wenigsten Fällen hinhaut.
Schöne Grüße Günter Marschall
[Preise]
Stimmt, die Preise in Luxemburg sind sehr hoch. Bei Standleitungen
etwa liegen die Kosten bei dem 2-3fachen von dem was sonst in Europa
ueblich ist (zumindest war es noch vor einigen Monaten so als ich
das letzte Mal _die_ Preise angeschaut habe).
In Sachen ADSL muss man dazu aber eben auch sehen dass sich manche
Anbieter (z.B. auch in Deutschland) schwer verkalkuliert haben und
die Preise heben resp. die Service-Leistungen massiv senken mussten -
oder direkt ganz pleite gingen (z.B. @Home in den USA).
Die Telekom-Preise sind ja auch eher verschrien als nicht kostendeckend
und illegale Ausnutzung der Monopolstellung auf der letzten Meile, rein
um Wettbewerb auszuschalten - langfristig kaum haltbarer Zustand.
>Bislang dachte ich das es bei
>euch halt eben etwas billiger ist als bei uns. T-Online verspricht übrigens
>eine Verbindung mit 768 Kbit/s was aber, wie ich von Bekannten weiß, in den
>wenigsten Fällen hinhaut.
Die lux. P&T bietet 256/64, 512/64 und 1024/128 an (IIRC), was nach
Berichten von Bekannten sowie eigener Erfahrung (mit 256/64) auch
gut klappt - so denn ADSL ueberhaupt verfuegbar ist. Teuer, aber
funktioniert dafuer :-)
Greets Eric
Hi Günter!
In Sachen Telekommunikation und Internet sind wir eben nicht gerade
fortschrittlich. Eine richtige Flatrate gibt es hier AFAIK (Ausser DSL)
gar nicht, lediglich die P&T bieten eine Wochenend-Flatrate an.
Ansonsten heisst es zahlen, ich kenne jetzt die aktuellen Preise pro
Minute nicht, aber ein Vielsurfer kommt locker auf 3.000 bis 5.000 LUF
pro Monat.
LuxDSL ist, wie gesagt, die Ausnahme, man zahlt die Leitung und das Abo,
was dann bei 256/64 um 3.500 LUF kostet, bei 512/64 sicher um 4.500 LUF,
dafür kann man 24 Stunden online sein und saugen soviel man will.
Salutations á tous
Juan Carlos
Cádiz
"André" <hsimp...@hotmail.com> escribió en el mensaje
news:3c6acc22$1...@news.vo.lu...