Google Groups no longer supports new Usenet posts or subscriptions. Historical content remains viewable.
Dismiss

Lo hun ech mech schon rem mussen opreegen

3 views
Skip to first unread message

Homer Simpson

unread,
Sep 8, 2000, 11:07:23 AM9/8/00
to
Moin, moin,

Meng zukünfteg Fra schafft neierdengs an enger Fabrek am Garer Quartier. Sie
muss och Schichten
schaffen (Frei- an Speitschicht). Dat geet dann bis 10.00 Auer. Dogeint ass
jo naischt ze soen.
Lo hun ech mir awer alt e puer Gedanken em t'Secherheet gemacht. T'Madame
muss nämlech den Bus
huelen, ....owes speit, ....op der Gare, ....dir verstidd?

Ech hun mer soen gelooss, et wier net mei esou schlemm, ech krut gesoot et
wier nach nie schlemm
gewierscht, ech krut gesoot et wier eenmol wei t'anert, an ech krut gesoot
et wier nach mei
schlemm gin. Sou, ech perseinlech gin mol vun deenen zwou leschten
Behaaptungen aus well ech
mengen, dass dat den Tatsachen am nächsten kennt.

Den nächsten Schrett war, mech am Netz en besschen emzekucken wat dann esou
vun Meiglechkeeten
ugebueden get. Do hun sech Treinengasspray an Elektroschocker als dei am
weitsten verbreeten
Defensivwaffen erausgestallt. "Gudd", hun ech mir gesoot, "hells de en
Elektroschocker". Dei
Denger sin net deier, si sin effektiv, an, si sin an Daitschland frai ze
kreien, well soen:
legal. Et muss een just 18 Joer hun. Lo wier jo alles an der Reih gewierscht
wann ech net esou
en gesetzestreien Birger wier. Ech Topert hun um Ministère de la Justice
nogefroot ob dei Spiller
dann och hei am Land frai wieren (hätt ech et nemmen net gemach, dann misst
ech mech elo net
opreegen ;-) ).
Wat krut ech gesoot? Majo, net nemmen, dass Treinengas an Elektroschocker
hei umeldepflichteg
wieren, neeeeee, si sin radikal verbueden (wouduerch t'Umeldung dann wuel
och ewegfällt)!!!

Ech faassen et net, wou sin mir dann hei? Ech verlangen jo net, dass all
Mensch mat enger
Schosswaff ronderemlaafen därf, wirklech net. Op esou Zoustänn wei an
Amerika kennen mir
verzichten. Awer ech schwätzen jo hei vun Sachen fir sech ze schützen, resp.
verteidegen. Firwat
kreien dei "Gudd" dei Meiglechkeet net zougeschwat, wou sech dei "Beis" en
alen Dreck drem
kemmeren wat si därfen oder net, an engem den Klaapes einfach vrun t'Bells
halen. Mussen eis
Fraleit dann och nach "Merci" soen, nodeem sie vergewaltegt gin sin?

Ech kann just hoffen, dass sech do an nächster Zait eppes änneren wärt.

Mä lo kennt jo mol den absoluten Hummer: Eng Schreckschosspistoul
(Gaspistoul = och Treinengas)
ass NET verbueden, just ugemellt muss se gin.

KANN EEN MIR DAT ERKLAEREN??????????

Firwat ass Treinengasspray verbueden, Treinengas an der Patroun awer net?
Firwat därf ech en Anbriecher an Noutwier mat engem Kischenmesser
ofschluechten, en awer net
mat engem Elektroschocker ausser Gefecht setzen (ouni en emzebrengen!)?

Wat fireng Logik ass dann do hannendrun?

Ech mengen: wann den Staat sengen Birger 100% Secherheet bidden kann, därf
hien och roueg
sämtlech Waffen an Schutzmossnahmen verbidden. Kann hien dat awer net (an en
kann et net), dann
muss hien sengen Birger dach weinstens esou banal Defensivwaffen wei
Elektoschocker oder
Treinengas zougestoen. Nach eng Keier: ech schwätzen net vun Schosswaffen!
(net dass ech nach
als fanateschen NRA-Unhänger beschellegt gin.) Ganz besonnesch wou eis, dach
soss esou exakt,
teutonesch Noperen dei Sach do vill mei locker gesinn.

Op allen Fall: ech steiren mech NET drun op se lo verbueden sin oder net,
ech machen awer wei
ech well (weinstens an desem Fall). An ech hoffen, et gin nach mei Leit dei
esou denken. Vlait
gin esou topeg Virschreften jo dann enges Dags ofgeschaaft.


Homer


Comnic S.a.r.l

unread,
Sep 9, 2000, 10:38:36 AM9/9/00
to

Wat Sachen liewen mier dann wirklech an Afrika??
Ech sin och vill Nuets ennerwee an ech kaafen mier demnaechst eng Magnum
45, Virschreft oder net, main Liewen as mier mei waert wei
Virschreften.......

Maurice Buijs


mike...@internet.lu

unread,
Sep 13, 2000, 2:00:26 AM9/13/00
to
Salut,

Ech verstinn daat och net! Ech selwer hun Schosswaffen, ganz legal versteet
sech. Wei ech meng Demande gemaach hun fiir meng "Autorisation de Porte d'Arme",
wuelverstaan juste vun doheem um direkten Wee op den Schéisstand, war daat alles
guer keen Problem. Gefroot goufen eng valide Memberskaart aus engem Schéiverein,
een Extrait aus dem Casier, an eben dei Demande. Daat ganzt huet dunn 3 Meint
gedauert an schons haat ech mein Schein!! Teschenduerch sinn ech eng Keier op
den Policebureau geruff ginn, wou se mer dunn e puer kleng Froen gestallt hun,
fiirwat ech dann gaeren een Schein hätt an esou. Iergendwei ass et mer do
fiirkomm, wei wann ech hätt egalwaat keinten äntwerten, ech hätt den Schein awer
kritt. Daat ass alles keen Problem hei an Letzebuerg, mee een Elektroshocker
oder Pefferspray!?!? Et wier jo net schlemm, wann een dei Saachen misst um
Ministère de la Justice mellen, mee nee do ass dann esou een Gestz wou dran
steet se wieren net erlaabt!!

D'selwecht ass et mam Paintball. Vrun 2 oder 3 Wochen hun se am RTL owes eng
Reportage iwwert den Paintball bruecht! Natiirlech dunn nach grouss
d'Nummerschelder vun den Autoen gewisen, dei do um Parking stungen, an duerno
gesoot et wier verbueden hei an Letzebuerg. Exzellent soen ech do juste!!! Ech
selwer hun laang Zait Paintball gespillt, an Daitschland fiir genau ze soen zu
Bitburg!! Ech selwer hun dei Reportage net gesinn, mee ech kann mer fiirstellen
d'Leit dobaussen daat ganzt als esou een Hobbykriegerspill ungesinn. Vergiess
et!!!!
Bei esou enger Reportage hätten se onbedengt missen den Turneierpaintball
weisen, fiir d'Leit e bessen vun deem negativen Aspekt eroofzekreien. D'selwecht
sollen se emol opKlärungkompagnen starten fiir esou Saachen ewei Pefferspray ode
Elektroshocker. Dann kommen mer vleit och emol dozou, dass mier selwer eis
kennen e bessen besser schuetzen.

MIKE

0 new messages