Google Groups no longer supports new Usenet posts or subscriptions. Historical content remains viewable.
Dismiss

Leserbrief

8 views
Skip to first unread message

Artie

unread,
Nov 26, 1999, 3:00:00 AM11/26/99
to
(Oppene Bréif un den Här Minister Luc Frieden)

Esou net , Här Minister !


Des Kéier hudd Dir Erch ( an leider och dem Letzebuerger Land)
en Aarmuddszeugnis ausgestallt.
Wann Dir scho mengt "haart" durchgreifen ze mussen ( fiirwaat
eigentlech ? gung eng potentiell Gefoor aus vun dene Leit?) dann stitt
och derzou an bleift waehrend denen onschéine Szenen dei sech um
Findel ofgespillt hun, net no beschter "grauer Eminenz"-Maneier am
Hannergronnd a scheckt Eer Büttel fir dei onangenehm Arbecht ze
maachen .

A waat soll déi Insinuatioun , et waer alles "geregelt an an
Digniteit" ofgelaaf , wann d'Press an d'Demonstranten sech
erausgehaalen hätten . Si mer schon erem esou weit :"Circulez, il n'y
a rien a voir . Ce ne sont que des juifs qu'on déporte !"

Et ass emmer liicht sech hanner Paragraphen a Konventiounen ze
verstoppen , fir eng menschenverachtend Handlungsweis ze
rechtfertegen.
Als responsable Politiker an der leschter Regierung hutt Dir jo och
den NATO-Asatz am Balkan matgedroen : dann stiit och zu Aerer
Verantwortung an helleft d' "collateral damages" esou kleng wei
meiglech ze haalen .

Maacht emol eng Visite an de Kosova an kuckt op der Plaatz a waat fir
enge Bedingungen dei meeschten Leit elo do mussen hausen : d'Heiser
zerschoss oder gesprengt , ouni Daach , Diren a Fensteren , ouni Geld
fir och nemmen daat neidegst Baumaterial ze kaafen , an daat e Mount
virun Kreschtdaag .

Awer ech mengen daat bereiert Erch weineg , d' Haaptsach ass et leeft
alles organiseiert a legal oof nom Buchstaaf vun der Konventioun vun
Dublin

Et waer wirklech emol un der Zeit datt mer e vernuenftegt Auslänner-
an Immigrations-Gesetzer kriiten , mat Quoten , transparent
Konditiounen a Regelungen . Et kann dach net sinn datt eng Studentin
aus
dem Congo manu militari an e Fliger gesaat get , well se sech ereischt
hei am Land em eng Openthaltsgenehmegung gekemmert haat .

Oder dat en Universitaire oder e qualifizieierten Arbechter aus engem
NET-EG-Land direkt als potentiellen Kriminellen ofgestempelt gett ,
nemmen well en hei am Land eng Plaatz sicht huet an hei och
liewen wellt

Virgeschter hunn ech bei Bayern-Alpha eng Reportage iwer Letzebuerg
gesinn . D'Preise ware faszineiert vun eiser Villsprochegkeet an der
Tatsaach dat mer ouni Problem 30 Prozent Auslaenner verkraften .
Anscheinend verkraften gewess Politiker daat awer net , oder
spekuleieren se op Wielerstemmen an Applaus aus dem rietsen Eck .

De ganz Zoustaendegkeet fir Immigratioun an Asyl misst och endlech aus
dem Ministere de la Justice erausgeholl ginn , well doduerch ginn dei
Leit jo direkt mat Kriminellen an een Deppe geheit .

Nee merci , wann daat dei nei Methoden hei zu Letzebuerg solle ginn
wéi een mat Auslänner emgeet, da schummen ech mech wierklech ,
Letzebuerger ze sinn .


Artie Frisch
Grand-rue 78
L-9905 Troisvierges


Mcc

unread,
Nov 26, 1999, 3:00:00 AM11/26/99
to

Artie wrote:

> (Oppene Bréif un den Här Minister Luc Frieden)
>
> Esou net , Här Minister !
>
> Des Kéier hudd Dir Erch ( an leider och dem Letzebuerger Land)
> en Aarmuddszeugnis ausgestallt.
> Wann Dir scho mengt "haart" durchgreifen ze mussen ( fiirwaat
> eigentlech ? gung eng potentiell Gefoor aus vun dene Leit?) dann stitt
> och derzou an bleift waehrend denen onschéine Szenen dei sech um
> Findel ofgespillt hun, net no beschter "grauer Eminenz"-Maneier am
> Hannergronnd a scheckt Eer Büttel fir dei onangenehm Arbecht ze
> maachen .

Naja,daat ass awer ob der ganzer Welt wuehl esou,an ech wann ech muncher
Ofschiebung vu Flüchtlingen esou gesinn ob der Tv,also do geed ed nach
ganz anescht eroof.Ed geed net direkt eng Gefoor vun denen Leit aus,mee se
wossten jo awer och genee,wei se heihinner komm sinn,dass se enges Daags
nees mussen Heem goen.An se si jo guernet esou schlecht hei obgeholl
ginn,ok,haaptsechlech duerch Privaat Leit,ech mengen,du wees jo,waat ech
elo mengen,ech wees duerch d'Lis,dass du och dech immens em dei Leit
gekemmert hues,an all Respekt dofir !!
Allerdengs sin ech zwar och der Meenung,dass se nees heem mussen.Dass ed
ob des Maneier geschitt,naja,daat wor awer ze gesinn,well ob eng
Invitatioun hin,ob de Findel ze kommen,daat wier jo wuehl e Witz
gewiescht,an do wier de Flieger wuehl eidel gewiescht.
Waat könnt soss nach a Fro ????...ech wees ed net.

Heibleiwen ????...also ech mengen net,waat ged daat.??..33%
Auslänner...ass daat nach net genuuch ??? jojo,elo kreien ech an de Kapp
geheit,du bass jo e Rassist....nee nee,sin ech net,mee ech sin der Meenung
(an wann's de e bessen dech ennert de Leit dobaussen emheiers..) dass 1/3
Auslänner vun der ganzer Bevölkerung vun eisem Land ,dass daat scho ganz
schein Multikulturel ass,an ech mengen,daat ged deck duer,well soss
ensteht ganz schnell aus Frendlechkeet....Feindlechkeet...a waat daat ka
gin...naja..leiwer net driwer nodenken. :((

> A waat soll déi Insinuatioun , et waer alles "geregelt an an
> Digniteit" ofgelaaf , wann d'Press an d'Demonstranten sech
> erausgehaalen hätten . Si mer schon erem esou weit :"Circulez, il n'y
> a rien a voir . Ce ne sont que des juifs qu'on déporte !"

Also,.....daat ass villeicht e bessen iwerdriwen,emmerhinn sinn se jo
"Heem" geflu ginn,net an e KZ.

> Maacht emol eng Visite an de Kosova an kuckt op der Plaatz a waat fir
> enge Bedingungen dei meeschten Leit elo do mussen hausen : d'Heiser
> zerschoss oder gesprengt , ouni Daach , Diren a Fensteren , ouni Geld
> fir och nemmen daat neidegst Baumaterial ze kaafen , an daat e Mount
> virun Kreschtdaag .

Do gin ech der recht,ed ass wirklech nach ganz schro do ennen,des lescht
nach eng Reportage um TF1 gesinn,also,ed leeft esou gudd wei neischt do
ennen.Allerdengs,wa ke vun denen erem könnt,ween a wei soll nees alles
obgebaut gin ???
Ok,du kanns elo soen,mir hun "gehollef" ed ze zersteieren,da musse mer och
nees hellefen obbauen,hues de och recht,an ech mengen,ed gi jo awer
Milliounen dorower gepompelt,an domadder misst dach eppes un ze fänken
sinn...oder net??...a wa keng Leit do sinn,vir nees ob ze bauen...waat
dann ??

> Awer ech mengen daat bereiert Erch weineg , d' Haaptsach ass et leeft
> alles organiseiert a legal oof nom Buchstaaf vun der Konventioun vun
> Dublin

Als Politiker därf's de niemools en Härz weisen.....soss bass de
ofgeschriwen....ausssser virun de Waahlen.....

> Et waer wirklech emol un der Zeit datt mer e vernuenftegt Auslänner-
> an Immigrations-Gesetzer kriiten , mat Quoten , transparent
> Konditiounen a Regelungen . Et kann dach net sinn datt eng Studentin
> aus
> dem Congo manu militari an e Fliger gesaat get , well se sech ereischt
> hei am Land em eng Openthaltsgenehmegung gekemmert haat .

Ass wuehl en Enzelfall,wou ech awer net alles mat kritt haat,also haalen
ech doriwer de Baack ;)).

<snippel>....


> Virgeschter hunn ech bei Bayern-Alpha eng Reportage iwer Letzebuerg
> gesinn . D'Preise ware faszineiert vun eiser Villsprochegkeet an der
> Tatsaach dat mer ouni Problem 30 Prozent Auslaenner verkraften .
> Anscheinend verkraften gewess Politiker daat awer net , oder
> spekuleieren se op Wielerstemmen an Applaus aus dem rietsen Eck .

Hmmm,also ech mengen,wann's de dech emol bei de Leit emheiers..(an elo
mengen ech net eng Emfro vun Ilres oder RTL..),da kriss de awer ganz genee
mat,dass ed hinnen ferm duer geed mat 33%.,an ech gief scho soen,dass nach
mei....also daat geed schief...
an daat si wuehl kaum lauter "rietser".....mee einfach Leit vun der
Stroos.

Allerdengs,wann eis "aal" Leit,dei normalerweis hier "lescht" Deeg an
engem Altersheem wellen...oder mussen verbrengen,an dofir mussen bis an
d'Belsch oder soss irgendwou goen,well se hei keen Zemmer fannen,(ok,elo
kann's de soen,da soll de Staat der mei bauen.....),an ech da gesinn,dass
letzebuerger Altersheemer geraumt gin,fir d'Flüchtlingen enner ze
brengen...sorry...do resselen ech och de Kapp.

Wei se hei uewen an den Austellungs Haalen um Kierchbierg "gewunnt" hun,an
se hiert Iessen mettes breucht kriit hun,an ech da gesinn,da se d'Platoen
mam Iessen(an daat wor eppes urdentleches...a keen dreck!!),iwert den
Droot gepuucht hun,a geruuf hun,se wellen Suen kreien,fir selwer akaafen
ze goen......ech wees net waat ech soll vun esou eppes haalen ???Ech
mengen schon,dass ed hinnen un neischt hei gefeehlt huet,mee esou
Aktiounen brengen d'Leit schon ob de Baam,an de Rassismus kann do leider
ganz schnell obdauchen.

Ech schaffen an engem Betrieb,wou ongefeier em dei 90 Leit schaffen,a
wann's de dech do geschter an haut e bessen emgeheiert hues,dann hues de
do ganz "schaarf" Saachen matkritt....."all an den Zug,an heem mat
hinnen......waat wellen dei nach???...waat's de ed besser meng's,waat mei
gefroot ged...hu mer der nach net genuuch hei...."an esou weider a
weider.....

A wei sood eng Fra den Owend nach um Mikro vum Radio 92,5,...."ed ass
schon net schlecht,dass se heem mussen,ed ass vill Mafia an krommt
Geschirr dobei...."....daat ass villeicht e bessen iwerdriwen,well Krommer
an Dommer gin ed iwerall,genau souguud bei hinnen ewei bei ons selwer.

<snippel>....


> Nee merci , wann daat dei nei Methoden hei zu Letzebuerg solle ginn
> wéi een mat Auslänner emgeet, da schummen ech mech wierklech ,
> Letzebuerger ze sinn .

Hmmm,da muss sech praktesch all Natioun schummen,well de Prinzip ass wuehl
iwerall gleich........


Ed ass leider en ganz schweiert Thema,an nach mei schweier,mat denen Leit
emzegoen....wei's de ed mech's,ed fannen sech der emmer,dei eppes dergeint
hun....oder och dofiir.

An ech gi selten engem Politiker recht,mee dem J-Juncker,den elo grad an
der Tv geschwaat huet,gin ech des keier emol recht.

--
Mcc ©99 †
--------------------------------------------------
http://www2.vo.lu/homepages/clauma/default.htm
--------------------------------------------------

Maurice Buijs

unread,
Nov 27, 1999, 3:00:00 AM11/27/99
to
Egal wat.....

Dat ganzt wat lo passiert as, fannen ech och net immens gudd, awer op dei
aner Maneier fannen ech Reaktioun vun munchen Lait einfach iwwerdriwwen an
deplaceiert.
Do get mat denen selwechten fanateschen Mettelen geschafft, an sou Sachen
dreift d'Wasser dach nemmen op d'Millen vun dem brongen Gesocks.
Sou Berichter wei am Tageblatt erenneren mech emmer mei un d'Bildzeitung, an
verschidden Hären profiteieren dach nemmen vun sou Sachen sait dem se net
mei an der Regierung sin....
Ausserdem as en dach hei am Ländchen direkt en Rassist wann een eppes
Kritesches iwwer Auslänner seet, an wann en schreiwt en wier net stolz
Letzebuerger ze sin, et as jo keen den en zwengt hei ze liewen.....
Ech sin eigentlech just stolz en Mensch ze sin,opschon munch Deieren mei
intelligent sin well dei man keen Ennerschedd zweschen raich an arm,
Letzebuerger oder net Letzebuerger asw
Wat mch och besschen steiert, soss get emmer geint Religioun gestänkert, an
awer lo bemol hescht et, sou eppes mescht en net virun Kreschtdaag, et muss
en sech konsequent bleiwen, wann en net un dat ent glewt, dann as Kreschdaag
jo och en Daag wei en aneren oder?
Maurice


Mcc

unread,
Nov 27, 1999, 3:00:00 AM11/27/99
to

Maurice Buijs wrote:

> Egal wat.....
>
> Dat ganzt wat lo passiert as, fannen ech och net immens gudd, awer op dei
> aner Maneier fannen ech Reaktioun vun munchen Lait einfach iwwerdriwwen an
> deplaceiert.

Voila,c'est ca...daat soen ech och,me hun der genuuch hei (Auslänner an OCH VILL
Letzebuerger),dei mer mussen mat bezuehlen a fidderen a wee wees net waat nach
alles,also,ech sin der Meenung,zereck mat hinnen...an zwar alleguer.
Iwerall rappen se hei d'Maul ob (ech mengen elo Letzebuerger),dass all Mount
Milliounen an Portugal,Italien.... gescheckt gin,fir Pensiounen a Renten....daat
verstinn ech net...lobemol wellen alles heihaalen,,an ob der anerer Seit ged
gemault ???
WAAT WELL DER ??????

> Do get mat denen selwechten fanateschen Mettelen geschafft, an sou Sachen
> dreift d'Wasser dach nemmen op d'Millen vun dem brongen Gesocks.

Du geseis jo schon,ed ged mat der Verdreiwung an Emsiedlung vun 40-45
verglach.....

> Sou Berichter wei am Tageblatt erenneren mech emmer mei un d'Bildzeitung, an
> verschidden Hären profiteieren dach nemmen vun sou Sachen sait dem se net
> mei an der Regierung sin....

Daat ass jo awer kloer,se hun elo neischt mei ze soen,also ged bei all Dommheet
elo de Baak ganz deck voll geholl...daat mecht sech gudd bei de Leit...leider.

<snippel>.....

>
> Wat mch och besschen steiert, soss get emmer geint Religioun gestänkert, an
> awer lo bemol hescht et, sou eppes mescht en net virun Kreschtdaag, et muss
> en sech konsequent bleiwen, wann en net un dat ent glewt, dann as Kreschdaag
> jo och en Daag wei en aneren oder?

;))))))))....guud geschwaat Maurice,wann's de se heiers,dann heescht ed,...dei
hoxxxx Paafen....a waat net nach alles...an elo ebemol...o Herr,elo behaapten se
sech dorober...
A wann se sech esou ob d'Paafen behaapten,ma daat sinn dei reichsten Leit ob der
Welt.....emmer ganz schnell do fir Geld ze kreien.....mee da sollen se och emol
hier Konten obmaachen...ech mengen,dei könnten Milliarden dorower schecken ,mee
ech ka mer net virstellen,dass dei z.b. eng Kirch do ennen
obrichten....ausser,se gin erem bei d'Leit sammelen....sou wei mer daat hei
gewinnt sinn....

Chreschtdaag hin oder hier,ech muss mech och hei am Land un d'Gesetzer
haalen,also sollen sie sech och drun haalen,daat ass nun emol esou hei...an
iwerall,a wann et nun emol heescht,wann de Krieg dohannen eriwer ass,da musst
der nees zereck goen,dann ass daat nun emol sou,a gleew mer,ed bleiwen schon
genuuch hei..legaal...an bestemmt nach mei illegaal......

an desem Senn...e scheie Weekend nach......


-
Mcc ©99 †
--------------------------------------------------
http://www2.vo.lu/homepages/clauma/default.htm
--------------------------------------------------

...an elo mat Windoof-98....*würg*

Artie

unread,
Nov 27, 1999, 3:00:00 AM11/27/99
to
Den Sat, 27 Nov 1999 01:45:05 +0100, huet den "Maurice Buijs"
<mbu...@vo.lu> geschriwwen :

>
> Egal wat.....
>
> Dat ganzt wat lo passiert as, fannen ech och net immens gudd, awer op dei
> aner Maneier fannen ech Reaktioun vun munchen Lait einfach iwwerdriwwen
an
> deplaceiert.

Egal waat !

Emmer schein "cool" an dezent bleiwen, geldiirt ! wann een
Reklamatiounen huet , w.e.g an heiflecher Form un : Seine Exzellenz
Primus inter Pares J-C J. adresseieren , wou se dann direkt am "ronnen
dossier" klasseiert gett .

Wees de waat , Maurice : Ech reageieren esou wei ech well , an losse
mer net gaere Virschreften maachen , weini a wou ech d'Maul oprappen .
Et freet jo och kee Politiker mech op heen daerf seng Topegkeeten
iwert dei vu mer matfinanzeierten Radio an Tele verbreeden .

> Do get mat denen selwechten fanateschen Mettelen geschafft, an sou Sachen
> dreift d'Wasser dach nemmen op d'Millen vun dem brongen Gesocks.

D'Wasser leeft scho laang durch deenen hir Millen , dodurch dass dest
brongt Gesocks hoffaeheg gemaat gett an hinnen nom Mond geschwaat gett
. ("De Mann vunn der Stroos maengt och .... Bei eis am Betrieb gouf
gesoot .... "das gesunde Volksempfinden " blablabla )
Drum esst Scheisse ! - von einer Majoritaet von Fliegen empfohlen !!

> Sou Berichter wei am Tageblatt erenneren mech emmer mei un d'Bildzeitung,
an
> verschidden Hären profiteieren dach nemmen vun sou Sachen sait dem se net
> mei an der Regierung sin....

Haette mer dach nemmen eng Bildzeitung an e Spiegel hei a Letzebuerg ,
datt net emmer alles schein ennert den Teppech vun der Political
Correctness gekiirt gett

> Ausserdem as en dach hei am Ländchen direkt en Rassist wann een eppes
> Kritesches iwwer Auslänner seet, an wann en schreiwt en wier net stolz
> Letzebuerger ze sin, et as jo keen den en zwengt hei ze liewen.....

Also du ZWENGS mech scho guer net hei ze liewen , meng Famill liewt
schon 300 Joer hei am Land an ech gesinn et als mei gudd Recht un
negativ Entwecklungen an eiser Gesellschaft unzeprangeren an ze
probeieren "d'Verhaeltnisser" ze aenneren . Op daat eppes brengt ,
steet op engem aanere Blaat well d'Toperten huelen emmer mei zou .

> Wat mch och besschen steiert, soss get emmer geint Religioun gestänkert,
>an
> awer lo bemol hescht et, sou eppes mescht en net virun Kreschtdaag, et
>muss
> en sech konsequent bleiwen, wann en net un dat ent glewt, dann as
>Kreschdaag
> jo och en Daag wei en aneren oder?

Also elo kennt ech jo och soen , wann et der net geet datt geint
d'Religioun gestaenkert gett , kee Mensch ZWENGT dech meng Elukubraten
ze liesen .
Falls de et awer solls vermessen , keng Angscht , virun Kreschtdaag
kennt op mannst nach eng Gloss geint Kirch , Pharisaer a Philister ...
Iwregens huet dei hei Fluechtlings-Thematik och ganz vill mat
religioeser
Borneiertheet ze dinn, wann dei Fluechtlingen all cath. waeren ,
haette verschidde Leit manner Problemer domadd.


Ausserdem schengt et de Moment erem am Trend ze sinn dem "Poebel" (
also all de Loseren, den am Liewen ze kurz Gekommenen , dei nie eppes
ereescht hunn an och nie eppes waerten errechen , all de
letzebuergeschen "Al Bundy"en , dei just stark am Comptoir-Steipen an
am Humpenhiewen sinn ) erem en neit Feindbild ze praesenteieren :
Schold un aerem Misaer sitt net daer oder korrupt Politiker a Manager,
kreien si agetrotert , Schold ass eleng daat Zigeinerpaak aus dem
Balkan, dei mat dozende vu Kanner ouni Schung a Schlappen hei ann eis
Marienland komm sinn , an esou onverschimmt sin , net nemmen vun eisen
Almosen ze liewen mais esouguer sech erlaaben hei eng regulaer
Arbecht unzehuelen ( soit dit eng vun denen Arbechten dei e gudde
Latzbuerger net mam Feierkroop geif upaaken)

Artie


++++++++++++++++++++++++++++++++++++++++


"Wa schon e Fluechtling , da geff Aktionaer!
Well Leit ouni Konto huet keen hei gaer.
Wa schon e Fluechtling , da keen Islamist!
Well mir schwieren hei all op Jesu Christ"
(Guy Rewenig)


++++++++++++++++++++++++++++++++++++++++++


Homer Simpson

unread,
Nov 27, 1999, 3:00:00 AM11/27/99
to
1. Mol ofgesinn dovun op den Minister Frieden gudd oder schlecht gehandelt
huet, bewonneren ech dass hien dei Sach konsequent durchzeihen well. Mir ass
leiwer en Mensch mat Reckgrat, deen seng Meenung beibehällt, och wann se
vlait net gären gesin get, wei een deen mescht wat vun em erwaart get ze
machen ouni dass hien dei Meenung selwer vertrett. Dofir: Respekt, Här
Minister!

2. Ech hun weiss Gott naischt geint Auslänner, an Geigendeel, wann si sech
behuelen wei t'Leit, dann soll et hinnen och goen wei den Leit. Ech well och
net allenguerten t'Jugoslawen, Serben, Bosnier, Kosovaren, etc... an een
Deppen schmeissen. Ech sin sescher dass den greissten Deel sech ganz korrekt
verhällt, mä dat wat ech bis elo , aus zouverlässegen Quellen, heiren, an
och selwer gesinn hun, rechtfärdegt menger Meenung no en radikalt
Durchgreifen. Op dat dem Artie lo gefällt oder net, mä als Framensch ass een
schlecht beroden aleng mat enger ganzer Clique Jugoslawen (oder Kosovaren
oder wat och emmer) am Zuch oder Bus ze setzen. Ech weess vun engem Fall wou
dat Framensch Streech krut huet, an deem aneren Fall ass en Meedchen am Bus
vergewaltegt gin. An ech weisst nach mei ze zielen... .Wei gesoot, sou
Beispiller sin net repräsentativ, mä zur gudder Meenung dreit esou eppes
ganz bestemmt net bei.

3. Wei schon an aneren Postings ernimmt gin ass: et war vun Ufank un kloer,
dass dei Leit rem missten heem goen. An wann ech bemierken därf: An dem se
eis hei op der Täsch leien, bauen sech dohannen keng nei Haiser. An et wärt
dach wuel keen wirklech gleewen dass eng "Invitatioun" och nemmen deen
gerengsten Senn gehaat hätt!?

4. Kricher wärt et och an Zukunft gin, Flüchtlingen wärten mir och an
Zukunft ophuelen, mä, wann dei Leit awer emmer nemmen heibleiwen därft et
geschwenn e besschen eng gin, oder wei?

5. An deem ganzen jugoslaweschen Raum huet et nach emmer "gekrichelt", an
sou wei ech dei Sach gesinn wärt sech dorun och sou schnell naischt änneren.
Ech denken mir mol, dass dei Leit eng zimlech agressiv Astellung hun.
Ausserdeem sin ech der Meenung, dass dei ganz Friddensmissiounen net vill
brengen. Se sollten leiwer dat ganzt Gebidd oofrigelen, warden bis keen sech
mei muckst, an dann deenen Leit dei gewellt sin an Fridden ze liewen, dat
dann och ermeiglechen. Domat wärt ech mir zwar lo keng Kollegen gemacht hun,
awer dat ass mir eierlech ........egal. Wann den Artie därf sengen Gefiller
Loft machen (wat ech iwwrigends genauso bewonneren (besser: respekteiren)
wei dem Minister Frieden seng Astellung), dann därf ech dat jo wuel och.

6. Enttäuscht sin ech ganz stark vun eisem RTL-TV. Sait weini därf en(g)
Moderator(in) Stellung bezeihen? Och wann dat zwar net ausdrecklech geschidd
ass, ass hir Astellung dach gnz kloer eriwwer komm. T'Medien hun menger
Meenung no t'Aufgab Tatsachen matzedeelen, an dann t'Leit selwer entscheeden
ze loossen. All dat anert ass "Meinungsmache", an dat leit net mei weit vun
Propaganda ewech. Dest trefft awer lo net nemmen fir den RTL zou, mä fir dei
ganz Medienmaschinn am groussen Ganzen.

Dat war sou zimlech alles wat mir lo sou direkt zu dem Thema do agefall ass,
an ech hoffen dass aus der Sach do keng Staatsaffair gemach get. Den
Minister soll dei Sach do durchzeien, seng Geigner sollen sech t'Maul
zerappen (ass jo hiert gudd Recht) an bei der nächster Wahl entsprechend
reageiren, an färdeg. Mei bleift eis dach souwisou net iwwreg!

Scheinen Week-End nach

Claude Kemmer

unread,
Nov 29, 1999, 3:00:00 AM11/29/99
to
Esou einfach kann een sech et maachen, eng Majoriteit als Duerftrottelen
dohinzestellen fir seng eege Meenung ze ennermaueren. Dofun ofgesin dass
Beleidigungen an enger NG normalerweis net tolereiert gin (Stechwuert
Netiquette) kennt mär dem Här Frisch seng Astellung e bessen onkauscher
fir. Et sollen also al die Al Bundy'en vun enger intellektueler Elite (zu
där den Här Frisch sech bestemmt och zielt) dirigeiert gin? Daat kenn jo
awer och net d'Leisung sin.


Artie

unread,
Nov 29, 1999, 3:00:00 AM11/29/99
to
Den Sat, 27 Nov 1999 18:53:03 +0100, huet den "Homer Simpson"
<hsimp...@hotmail.com> geschriwwen :


>6. Enttäuscht sin ech ganz stark vun eisem RTL-TV. Sait weini därf en(g)
>Moderator(in) Stellung bezeihen? Och wann dat zwar net ausdrecklech geschidd
>ass, ass hir Astellung dach gnz kloer eriwwer komm. T'Medien hun menger
>Meenung no t'Aufgab Tatsachen matzedeelen, an dann t'Leit selwer entscheeden
>ze loossen. All dat anert ass "Meinungsmache", an dat leit net mei weit vun
>Propaganda ewech. Dest trefft awer lo net nemmen fir den RTL zou, mä fir dei
>ganz Medienmaschinn am groussen Ganzen.


Daat ass erem ganz typesch fir eis letzebuerger Mentaliteit , seit
Johren hun Medien Stellung bezunn , dei eng fiir dei aaner geint
d'Regierungspolitik . Esou laang daat an de Zeitungen geschitt ass ,
waar alles OK (dei schweigend Majoriteit liest jo souwiesou keng
Zeitungen- ausser d'BILD)
Awer esou baal an der sakrosanter Tele en Moderator sech erlaabt , bei
enger evidenter Liigen vun engem Minister e bessen skeptesch ze kucken
an sech soss all commentaire enthaellt , gett Zeter a Mordio gejaut .
Ech huelen un et get erwaart dat dei Leit am Tele-Journal sech sollen
w.e.g. dropp beschraenken Regierungs-Communiqueen ze iwermettelen ,
"putzeg" Familljenreportagen vum "Haff" ze weisen an iwert de
Croix-Rouge Bazar ze berichten . En eege Meenung ass do net gefroot .
Wou bleiwt eis vill beschworen Pressefreiheit ?? Gouf et dei jemols
hei am Land ???

Artie

Maurice Buijs

unread,
Nov 30, 1999, 3:00:00 AM11/30/99
to

>
>
> >6. Enttäuscht sin ech ganz stark vun eisem RTL-TV. Sait weini därf en(g)
> >Moderator(in) Stellung bezeihen? Och wann dat zwar net ausdrecklech
geschidd
> >ass, ass hir Astellung dach gnz kloer eriwwer komm. T'Medien hun menger
> >Meenung no t'Aufgab Tatsachen matzedeelen, an dann t'Leit selwer
entscheeden
> >ze loossen. All dat anert ass "Meinungsmache", an dat leit net mei weit
vun
> >Propaganda ewech. Dest trefft awer lo net nemmen fir den RTL zou, mä fir
dei
> >ganz Medienmaschinn am groussen Ganzen.
>
>
> Daat ass erem ganz typesch fir eis letzebuerger Mentaliteit , seit
> Johren hun Medien Stellung bezunn , dei eng fiir dei aaner geint
> d'Regierungspolitik . Esou laang daat an de Zeitungen geschitt ass ,
> waar alles OK (dei schweigend Majoriteit liest jo souwiesou keng
> Zeitungen- ausser d'BILD)

Dat geif ech awer anescht gesin, wann ech moies sou an den Zeitungsbutteker
gesin wat do verkaft get, oder sollen Lait dei Zeitungen nemmen kaafen, well
se keen Toilettenpabeier mei hun?;-))

> Awer esou baal an der sakrosanter Tele en Moderator sech erlaabt , bei
> enger evidenter Liigen vun engem Minister e bessen skeptesch ze kucken
> an sech soss all commentaire enthaellt , gett Zeter a Mordio gejaut .
> Ech huelen un et get erwaart dat dei Leit am Tele-Journal sech sollen
> w.e.g. dropp beschraenken Regierungs-Communiqueen ze iwermettelen ,
> "putzeg" Familljenreportagen vum "Haff" ze weisen an iwert de
> Croix-Rouge Bazar ze berichten . En eege Meenung ass do net gefroot .
> Wou bleiwt eis vill beschworen Pressefreiheit ?? Gouf et dei jemols
> hei am Land ???

Ech denken schon, hei kann jo awer all Mensch an eitung schreiwen wat en
wellt.
Wat ech besschen schued fannen, as, dass all Zeidung hei am Ländchen
irgendwei vun enger Partei ofhängt, den ganzen Blödsinn interesseiert jo
awer net all Mensch, ech well vun enger Zeidung just informeiert gin, eng
Meenung man ech mer dann selwer, ouni irgenden en farwegen Virdenker.
Also muss ech dem Homer beschen recht gin, sie, dei geschriwwen an gewiesen
Press sollen just Informatiounen weidergin, an den rescht den Lait
iwwerlossen..

Maurice


Homer Simpson

unread,
Nov 30, 1999, 3:00:00 AM11/30/99
to

> Daat ass erem ganz typesch fir eis letzebuerger Mentaliteit , seit
> Johren hun Medien Stellung bezunn , dei eng fiir dei aaner geint
> d'Regierungspolitik . Esou laang daat an de Zeitungen geschitt ass ,
> waar alles OK

Hun ech nie behaapt, ech hun, weis de dech erenneren wärts, vun der ganzer
Medienmaschinn geschwaat

(dei schweigend Majoriteit liest jo souwiesou keng
> Zeitungen- ausser d'BILD)

> Awer esou baal an der sakrosanter Tele en Moderator sech erlaabt , bei
> enger evidenter Liigen vun engem Minister e bessen skeptesch ze kucken
> an sech soss all commentaire enthaellt , gett Zeter a Mordio gejaut .

1. ennerstell de Leit keng Liigen, just wann si eng Meenung vertrieden
2. war et wesentlech mei wei just en skepteschen Bleck
3. vun Zeter an Mordio war och keng Rieds

> Ech huelen un et get erwaart dat dei Leit am Tele-Journal sech sollen
> w.e.g. dropp beschraenken Regierungs-Communiqueen ze iwermettelen ,
> "putzeg" Familljenreportagen vum "Haff" ze weisen an iwert de
> Croix-Rouge Bazar ze berichten .

Du schengs main Posting wirklech net rischteg geliest ze hun. Ech sin der
Usiicht t'Medien sollen Tatsachen vermettelen, an net mei!! Wei kenns de
dann do lo op "putzeg Geschichten vum Haff"??

En eege Meenung ass do net gefroot .

Dach, grat, eng EEGEN Meenung ass gefrot, an net dei vun engem Moderator
oder engem Artie.

> Wou bleiwt eis vill beschworen Pressefreiheit ?? Gouf et dei jemols
> hei am Land ???

Ech geif mengen JO, well wann et net esou wier, geif vun deenen Moderatoren
(an och vun dir, Artie) schon lang keen mei schwetzen.

Homie

N.B. Du gesaiss, mir kennen dat heiten nach eiweg weiderfeiren. Wei wier
wann een deem aneren seng Meenung respekteiert, an färdeg?

Maurice Buijs

unread,
Nov 30, 1999, 3:00:00 AM11/30/99
to
Cool, mol endlech eppes lass hei.
Schued as , dat verschieden Lait wellen dem aneren seng Meenung opzwengen,
wat soll dat, jiidferen soll seng Meenung kennen soen, ouni dat en vun Lait
dei wellen Virdenker sin, domm ugemach get, an virun allem als eischt
liesen, dann entweren.......

Maurice

Artie

unread,
Dec 1, 1999, 3:00:00 AM12/1/99
to
Den Tue, 30 Nov 1999 19:07:15 +0100, huet den "Homer Simpson"
<hsimp...@hotmail.com> geschriwwen :


>


>N.B. Du gesaiss, mir kennen dat heiten nach eiweg weiderfeiren. Wei wier
>wann een deem aneren seng Meenung respekteiert, an färdeg?
>
>

Ok , Maurice . Du hues dei "Point of View " kloer gemeet , an ech
well et dobei belossen .
Ech hunn et iwregens net neideg fir meng Meenung enner diversen
Pseudonymen zum beschten ze ginn : Homer Simpson, DJ Momo etc

Artie

mc...@village.uunet.lu

unread,
Dec 1, 1999, 3:00:00 AM12/1/99
to
ar...@vo.lu (Artie) writes:

> Ech hunn et iwregens net neideg fir meng Meenung enner diversen
> Pseudonymen zum beschten ze ginn : Homer Simpson, DJ Momo etc

wells du domadder soen daat daat NET den homer simpson ass,
deen aus dem fernseh.

allez, allez
<mcol/>

> Artie
>
>

--
hold my hand - in the hot sun.
i am skeleton man, I am skeleton man.
down in the valley
-- http://www.perreira.lu/

Homer Simpson

unread,
Dec 1, 1999, 3:00:00 AM12/1/99
to
Wann et zu dengem dengem Seilenfridden beidreet, mengentwegen:

André Wagener
53, rue de Neudorf
L-2221 Luxembourg
Tél: 433116
Schonggreisst: 43


Et kennt net op den Pseudonym un (et mescht einfach Spass), mä op t'Aussoh

...den Rescht denken ech mir...

Homie (oder ass dat lo rem net ubruecht???)

> Ech hunn et iwregens net neideg fir meng Meenung enner diversen
> Pseudonymen zum beschten ze ginn : Homer Simpson, DJ Momo etc
>

> Artie


Homer Simpson

unread,
Dec 1, 1999, 3:00:00 AM12/1/99
to
Ech hoffen et brecht der t'Härz lo net, awer, nee, et ass net deen
rischtegen Homer.

Sorry, wann ech falsch Hoffnungen wakreg gemacht sollt hun :-))

Den rischtegen Homie steet bei Fox Entertainments enner Kontrakt, an ouni
dass dei Geld aseckelen därf den armen Homie mol net 'Piep' soen, snief
An anschengt mussen neierdengs och nach aner Leit hiren Accord gin fir dass
hien seng Meenung soen därf ;-)

Scheinen Owend nach

Homie (lo awer express...)

mc...@village.uunet.lu

unread,
Dec 1, 1999, 3:00:00 AM12/1/99
to
"Homer Simpson" <hsimp...@hotmail.com> writes:

> Et kennt net op den Pseudonym un (et mescht einfach Spass), mä op t'Aussoh

ech fannen Pseudonymen 100% o.k., esou laang
een net perseinlech beleidegent gett.
also esou laang een seng meenung seet an net
du dommen aarsch oder esou.

<mcol/>

--
i should be so lucky
-- kylie minogue - top of the pops 80s
-- http://www.perreira.lu/

Fra...@pt.lu

unread,
Dec 1, 1999, 3:00:00 AM12/1/99
to
Salut alleguer :-)

Claude Kemmer wrote:

:-(((

Frisch as no engem Bichelche vum Statec de 500-heefegste Numm am Ländchen !
Also, opgepasst, wann do Här Frisch geschriwe gët !
Ech si keen Här, mee e Frisch, an deen huet sech elo bis kuerz gewonnert ....

Deen Här Frisch, dee nët ( ! ) hei gemengt ka sin !!!

Fr. Frisch
--
Fraenz ( nët ze verwiesselen ! )
~~~ 't kënnt wi 't kënnt ~~~
-----------------------------------------------------------------------------
---> http://www.spider.lu/homepages/ff <--- 14.11.1999 ------------------
-----------------------------------------------------------------------------
** Der Jugend as keen Alter gesat, dem Alter awer Grenzen ... :-( ** [ FF ]
-----------------------------------------------------------------------------

Claude Kemmer

unread,
Dec 2, 1999, 3:00:00 AM12/2/99
to
In article <38458722...@pt.lu>, Fra...@pt.lu says...
> Salut alleguer :-)

>
> Frisch as no engem Bichelche vum Statec de 500-heefegste Numm am Ländchen !
> Also, opgepasst, wann do Här Frisch geschriwe gët !
> Ech si keen Här, mee e Frisch, an deen huet sech elo bis kuerz gewonnert ....
>
> Deen Här Frisch, dee nët ( ! ) hei gemengt ka sin !!!
>
Tja, daat kennt dervun wann een keen eemolegen Numm huet ;-)
Nee, seriös elo, main posting war eng Aentwert op dem Här Artie Frisch
vun Draiwirsch (wann ech mech richteg erenneren) sain "Leserbrief". Dofir
hun ech jo am selwechten Thread gepost.

Naischt fir ongudd
Claude Schmidt, Meier, Müller, Sanitate (a nee, deen gett et nemmen
draimol am Ländchen)

--
---------------------------------
Shutdown Windows, Boot your brain
---------------------------------

Homer Simpson

unread,
Dec 2, 1999, 3:00:00 AM12/2/99
to
Do hues de absolut Recht

Homie

Homer Simpson

unread,
Dec 4, 1999, 3:00:00 AM12/4/99
to

> woouaaahhhhhhhhhhhh...sinn daat är Suergen ???????????..ob en enner Mcc
schreiwt
> oder enner Claude ???wouahh immens....an daat nemmen,well en seng Meenung
hei
> vertrett,an dei (esou wei ed ausgeseit...) verschidde leit net passt????
> wahnsinnnnnnnnnnnnnnn

endlech een deen menger meenung ass, ech gin geckech. därf ech dech
adopteiren? :-)

> eppes sicht...fir ze schenken ;-))))....kuck emol...
> http://www2.vo.lu/homepages/prussen/ ........an ed keng Pornografie,och
wann
> daat schon vun verschiddenen Leit gesoot gin ass...mee daat ass och erem
ald
> engem seng Meenung,a wuehl guernet repräsentativ .....

dat sees du esou einfach, du hues gesinn wat eng eenzel meenung hei en damp
kann ausleisen :-)

an trotzdem, wat wier letzebuerg ouni seng klengkareiert letzebuerger? (an
ech schleissen mech do mol net aus)

Scheinen Week-End

Homie


Mcc

unread,
Dec 4, 1999, 3:00:00 AM12/4/99
to

Homer Simpson wrote:

> endlech een deen menger meenung ass, ech gin geckech. därf ech dech
> adopteiren? :-)

hmmmmm...also den Homer als Papp...dach...schon,daat gief mer
gefaalen.....weinstens keen esou armeseilegen latzegen faaden Latzelbuerger
;-))))

an do ass emmer eng lass an der Buud....daat wier eng woohooooooooo
:))))))))))

> dat sees du esou einfach, du hues gesinn wat eng eenzel meenung hei en damp
> kann ausleisen :-)

kloer dei...mee wann ech eierlech soll sinn....oder muss...oder
wei...waat.....ed ass met egaal...an zwar schxxxxxxx ;-)))))

> an trotzdem, wat wier letzebuerg ouni seng klengkareiert letzebuerger? (an
> ech schleissen mech do mol net aus)

omammmmmm...jo jo...de
Beschass...Klaatschen...traatschen...Uscheissen...Bescheissen......ojeeeeeeee
waat gief ech daat vermessen ;-)))))

> Scheinen Week-End

gleichfalls......an elo an d'Staadt.......oder besser gesoot geschwenn....e
puer pics maachen,wou dei klengkareiert elo iwert hiren Krescht-Leschen
Märtschen tratschen....a bescheissen...uscheissen.....allerdengs heescht ed mat
zeit goen....well de Latzebuerger mescht sein kreschmaacht owes mat zeit
zou....well do huet alles schei brav doheem ze setzen...an "wetten dass..." ze
kucken....wou keime mer och hin,wa mer wei all dei aner Groussstiedt giefen
daat obmaachen bis 1 Auer Nuets....daat därf ed hei zu Latzebuerg net gin....

> Homie

Bart ©99 † :-)))))


----------------------------------------
http://www2.vo.lu/homepages/prussen/
---------------------------------------
...an elo mat Windoof-98....*würg*

Maurice Buijs

unread,
Dec 5, 1999, 3:00:00 AM12/5/99
to

>
> Homer Simpson wrote:
>
> > endlech een deen menger meenung ass, ech gin geckech. därf ech dech
> > adopteiren? :-)
>
> hmmmmm...also den Homer als Papp...dach...schon,daat gief mer
> gefaalen.....weinstens keen esou armeseilegen latzegen faaden
Latzelbuerger
> ;-))))
>
Genial, et get eppes ze feiren, eng Adoption an der alt lechz., daerf en do
matfeiren?Do missten dach puer Humpen dran sin....sidd gudder Deng mat
Bofferdeng...

> an do ass emmer eng lass an der Buud....daat wier eng woohooooooooo
> :))))))))))

Wen as dann d'Mam an dem glecklechen Stot do?;-))


>
> > an trotzdem, wat wier letzebuerg ouni seng klengkareiert letzebuerger?
(an
> > ech schleissen mech do mol net aus)

Wat as dat klengkareiert, as dat wei d'Muster um Schotten rack wou jo
naischt soll drenner sin wei Bim Bam an sou....


>
> > Scheinen Week-End
>
> gleichfalls......an elo an d'Staadt.......oder besser gesoot
geschwenn....e
> puer pics maachen,wou dei klengkareiert elo iwert hiren Krescht-Leschen
> Märtschen tratschen....a bescheissen...uscheissen.....allerdengs heescht
ed mat
> zeit goen....well de Latzebuerger mescht sein kreschmaacht owes mat zeit
> zou....well do huet alles schei brav doheem ze setzen...an "wetten
dass..." ze
> kucken....wou keime mer och hin,wa mer wei all dei aner Groussstiedt
giefen
> daat obmaachen bis 1 Auer Nuets....daat därf ed hei zu Latzebuerg net
gin....

Op keen Fall dat get net so mol wou keimen mer dann do hin;-))
Dann kennten dei Lait dei den ganzen Daag schaffen dach och profiteiren, dat
get net........
>

Maurice, Dj Momo, Heino,Wildecker Herzbube an nemmen ders;-))


Maurice Buijs

unread,
Dec 5, 1999, 3:00:00 AM12/5/99
to

>
> Gudd,dass de Maurice ald erem e puer cartoons brengt,dei sinn emmer
gudd,och
> wann der doweinst och schon hier :o) obgerappt hun....

Serioe, as mier mol guer net opgefall....;-))
>
> WEIDER esou Maurice.....loos dech net vun esou 00 kleng kreien ;-)))))))

Dat sin schon mei wei 2 Nullen dei.....
>
> hm jojo,Kreschtdaach kennt , seed de Maurice......(würg.....waat en
> Numm...Krescht...brrrrrrrrrrrr)...mee ed ass jo nun emol esou...a wann en
nach


> eppes sicht...fir ze schenken ;-))))....kuck emol...
> http://www2.vo.lu/homepages/prussen/ ........an ed keng Pornografie,och
wann
> daat schon vun verschiddenen Leit gesoot gin ass...mee daat ass och erem
ald
> engem seng Meenung,a wuehl guernet repräsentativ .....

Wou soll dann do Pornographie sin, war natirlech direkt kuken, lechz,
hechel...
as iwwregens eng cool Sait och wann Konscht net grat zou mengen Stärkten
geheirt....


Scheinen Weekend och vun menger Sait...... gin anch op d'Sich no puer
cartoons ...

Maurice


0 new messages