Google Groups no longer supports new Usenet posts or subscriptions. Historical content remains viewable.
Dismiss

witz

6 views
Skip to first unread message

Marc

unread,
May 19, 1997, 3:00:00 AM5/19/97
to FTHenry

On Mon, 19 May 1997, FTHenry wrote:

> Salut!
>=20
> Also, normalerweis, wann een just prob=E9iert, well een nei as, post een
> keng Witzer matt zweifelhaftem Gout :-(
>=20
> Dat soll awer elo keen Grond sin, firwats du naischt meo solls posten,
> am contraire! Post dat doen ann de.talk.jokes, do kennt d=E2t unn.
> Iwersetz et awer ob daitsch virdrunn ;-)
>=20
> Stell dech l=E9iwer emol fir, dat wir besser!!!
>=20
> Greets,
>=20
> Thierry
> =20
> **************************************************LUXEMBOURG************
> Member of 'alt.letzebuerger'. Where is the .lu domain for NG's???
> E-Mail : thierry...@innet.lu
> Homepage : http://www.club.innet.lu/~year2126/
> ****************************************************EUROPE**************
>=20
>=20

Thierry,

Firwat bass du dann elo net mei den Paetter vun alt.letzebuerger, mais
jhust nach ee Member?

Marc


FTHenry

unread,
May 19, 1997, 3:00:00 AM5/19/97
to

Salut!

Also, normalerweis, wann een just probéiert, well een nei as, post een


keng Witzer matt zweifelhaftem Gout :-(

Dat soll awer elo keen Grond sin, firwats du naischt meo solls posten,
am contraire! Post dat doen ann de.talk.jokes, do kennt dât unn.


Iwersetz et awer ob daitsch virdrunn ;-)

Stell dech léiwer emol fir, dat wir besser!!!

Greets,

Thierry

FTHenry

unread,
May 19, 1997, 3:00:00 AM5/19/97
to

Marc wrote:
>
> Thierry,
>
> Firwat bass du dann elo net mei den Paetter vun alt.letzebuerger, mais
> jhust nach ee Member?

Einfach : Esou aal sin ech nach nët, fir schons Paetter ze sin ;-)

Wéi ech hei eran koum, war tote Hose hei, null. Elo faengt et unn matt
laafen, ann en Paetter as nët méi neideg, dofir sin zevill Leit elo
dran. Déi naechst Aufgab as et, den .lu domain ann d'Welt ze ruffen,
esou dass mier aus der Finsterniss vum Kannerporno ann illegalem Handel
(alt.) erauskommen...

FTHenry

unread,
May 19, 1997, 3:00:00 AM5/19/97
to

Guy wrote:
>
> Fir all déi wou och sou Witzer gutt fannen: ALT.TASTELESS.JOKES

Ech och een, wou esou Witzer gudd fennt, ech dofir duer gin, wou du
sees, uewen ann deng Aentwert!!!

Guy

unread,
May 22, 1997, 3:00:00 AM5/22/97
to

Bartosz Dietrich wrote:

*schnipps*
> waats de wellst mee oofgestempelt (als klenge wichser) bass de op alle fall...


tjo, mat denger Alterschätzung lungs du total falsch, ech sin nämlech
24.
Mais mech ob esou en déiwen Niveau eroofzesetzen fir d'Leit hei schon am
Usenet als "kleng Wichser" ze vernennen obwuel een se mol net kennt,
dorop
loossen ech mech net an. Aarme Geescht neenen ech daat.

(an iwwerhaapt, ech hun extra virgewarnt dass et sech em e krasse Witz
handelt, also war's du virgewarnt an häss en net missen liesen, ne!)

*DESTROY CENSORSHIP!!!*

bye
--
_/_/_/_/_/ _/ _/ _/ _/
_/ _/ _/ _/ _/
_/ _/_/_/ _/ _/ _/_/_/_/_/ pub0...@innet.lu
_/ _/ _/ _/ _/ G...@the-simpsons.com
_/_/_/_/_/ _/_/_/_/_/ _/ Undernet--->#Luxusbuerg


NOTHAR Gilbert

unread,
May 22, 1997, 3:00:00 AM5/22/97
to


Een deen esou een Schéiss vun sech get, soll wann ech gelift net vun
Niveau an Armen Gescht schwetzen. Du häss sollen zustëmmen, an soen du
wärs 15, well esou hues du dech beholl!

Gilbert

Guy

unread,
May 22, 1997, 3:00:00 AM5/22/97
to

aha, an nach een deen krass Witzer liest obwuel en se
net verdréit.

tjo, och wann ech elo wuel de ganzen ALT.LETZEBUERGER
als Feind hun, loossen ech mech net ënnerkréien.

Et géif mech elo reizen nach e puer Witzer aus
dem alt.tasteless.jokes ze posten, mais ech loossen
daat lo mol léiwer einfach sin, well ech soss wuel
nach Morddrohungen kréien (ROFL)

*DESTROY CENSORSHIP*

CU

Guy

Bartosz Dietrich

unread,
May 22, 1997, 3:00:00 AM5/22/97
to

In article <3380AE...@innet.lu>, Guy <pub0...@innet.lu> wrote:
>Waat as den Ennerscheed tėschent enger Gromper an dem Julie&Melissa.

soo mool, waat bass du fiir een klengen spasst? loos mech rooden, em dei
15-16? deemools hun ech sou witzer och nach krass/gudd fonnt. bis dass ech
iirgendwann eng keier rausfonnt hun dass et saachen get iwwert dei een keng
witzer mecht well se einfach net witzeg sin. natiirlech kanns de hei posten

waats de wellst mee oofgestempelt (als klenge wichser) bass de op alle fall...


cu
ganj

(going to L.A. tomorrow, yippie!)

----------------------------------------------------------------------
Bartosz Dietrich, "Ganj"
mail to: B...@gis.net or BDie...@students.berklee.edu or SirG...@aol.com
----------------------------------------------------------------------

Wafa&Laurent SAUBER

unread,
May 23, 1997, 3:00:00 AM5/23/97
to

.

SirGanjah

unread,
May 27, 1997, 3:00:00 AM5/27/97
to

> Subject: witz
> From: "j...@vo.lu" <j...@vo.lu>
> Date: Mon, 19 May 1997 13:53:40 +0200
> Message-ID: <33803F...@vo.lu>

gei futti...

FTHenry

unread,
May 27, 1997, 3:00:00 AM5/27/97
to

On 27 May 1997 12:21:26 GMT in a galaxy far away, Jedimaster
sirg...@aol.com (SirGanjah) felt the power of the Force and decided to
let us all take part of these wise thoughts:

>gei futti..

Sou vill zum Thema : Darkman ann Konsorten hun deser NG vill geschued...
Des NG mecht sech selwer futti!

Letzen = Dat dommst ann beschränkst, wat d'Menschheet erfonnt huet! Do sin
dei beis Praisen jo nach 100x besser!!!

D'Aentwerten ob desen Posting kennen ech schon. Ech wees, ech sin en
Verräter ann den eegenen Reihen, ann stolz drob! Ech soen dat, wat soss
keen sech traut, ann stellen den Letz duer, als dat wat en as : En raicht,
agebiltend, dommt Schwain, deen d'Portugiesen ann déi Lenks brauch, fir
drop ze klappen. Wien heirobber billen kennt, dat wier net wouer, HIEN wier
net esou, beweist et ob en Neit.

Dest soll keng perseinlech Uklo un irgend een sin. Wann mer all esou wiren,
wir et jo schlėmm genug. Et as den Geescht vun der Natioun, deen esou as...

Dann nemmen lass, loost et laafen, Jongen!!! (Meedercher gin et hei keng,
ann wann, dann halen ech se fir zevill schlau, fir heirob eppes ze
aentweren. Et as haaptsächlech dat männlecht Geschlecht, wat vum
Dommheetsvirus befall as)

Een Trouscht hun mer nach : Mir hun en decken Auto, en schnellen Computer,
ann och soss alles, wat eis esou dichteg mecht...

Greets,

Thierry


SirGanjah

unread,
May 28, 1997, 3:00:00 AM5/28/97
to

> Subject: Re: witz
> From: thierry...@innet.lu (FTHenry)
> Date: Tue, 27 May 1997 13:29:24 GMT
> Message-ID: <338ad4cc...@news.innet.lu>

> Sou vill zum Thema : Darkman ann Konsorten hun deser NG vill geschued...
> Des NG mecht sech selwer futti!

> Letzen = Dat dommst ann beschränkst, wat d'Menschheet erfonnt huet! Do
sin
> dei beis Praisen jo nach 100x besser!!!

> D'Aentwerten ob desen Posting kennen ech schon. Ech wees, ech sin en
> Verräter ann den eegenen Reihen, ann stolz drob! Ech soen dat, wat soss
> keen sech traut, ann stellen den Letz duer, als dat wat en as : En
raicht,
> agebiltend, dommt Schwain, deen d'Portugiesen ann déi Lenks brauch, fir
> drop ze klappen. Wien heirobber billen kennt, dat wier net wouer, HIEN
wier
> net esou, beweist et ob en Neit.

> Dest soll keng perseinlech Uklo un irgend een sin. Wann mer all esou
wiren,

> wir et jo schlëmm genug. Et as den Geescht vun der Natioun, deen esou
as...

> Dann nemmen lass, loost et laafen, Jongen!!! (Meedercher gin et hei
keng,
> ann wann, dann halen ech se fir zevill schlau, fir heirob eppes ze
> aentweren. Et as haaptsächlech dat männlecht Geschlecht, wat vum
> Dommheetsvirus befall as)

> Een Trouscht hun mer nach : Mir hun en decken Auto, en schnellen
Computer,
> ann och soss alles, wat eis esou dichteg mecht...

> Greets,
> Thierry

wisou hellst de daat sou seriou and tipps sou vill? :-) relax, den numm
vun deser ng implizeiert nemmen eng eenzeg aschraenkung waat den contenu
ugeet: dass daat waat dran gepost get op letzebuergesch ass, oder, wann
net, op mannst an iirgendengem entfernten senn mat letzebuerg ze dinn
huet.

daat waats du als "futti maachen" bezeechenst ass also nach emmer total
"legal", kannst also naischt dogeint maachen an sollst och net (keyword
"zensur"). deng meenung posten ass aawer emmer erlaabt, egal an waat fiir
engem styl se zu wuert bruecht get (keyword "downwards compatiblity", een
vun mengen leschten msg'en).

ech hun och kengem geschriwen en sollt sech aus daer ng verzeien, ech hun
se jhust vernannt. wann dei selwecht leit elo an naechster zukunft eppes
aaneschtes hei posten, maachen ech miir een bild vun hinnen noom neisten
posting an aenferten deementspriechend.

wanns de sees dass dei ng "stierwt" oder "futti gemaacht" get duerch dei
mei hetzeg "interluden", muss de jo eng zimmlech niddreg meenung vun daer
ng an hiirer zukunft hun! :-) domat gess de jo zou dei "manner
intelektuell" threaden eng bedrohung fiir t'integriteit sin. wanns de sou
eppes denkst, waert den internet dech zu doud frustreieren. ech liesen
dess ng emmer, op mer gefaellt waat ech liesen oder net. heiensdo mellen
ech mech och mool oder posten selwer eppes, haenkt dovun oof weivill
loscht/zait ech hun matzemeschen. haaptsaach ass aawer t'ass eppes lass
ass, dass de t'"liewen" vun enger spezifescher "community" matkriss. ech
waert ophaalen t'alt.letzebuerger ze liesen wann se mer zevill langweileg
get... :-)

ech gesin dei ganz internet saach sou: internet ass keng plaaz fiir frenn
oder feinden ze maachen, duerno sichen ech och net. text ersetzt net een
mensch "live" kennenzeleieren. internet ass fiir t'zait ze verdreiwen, mat
leit schwetzen an bla bla bla, mee emmer sech bewosst sin dass daat waat
een um bildschirm gesait nemmen folgen vun bytes sin...
mee, an der aart an weis wei leit tippen, waat fiir eng wieder se
gebrauchen, wei se t'saetz dreien, wei se hiiren "point" developeieren,
wei se dei divers smiley's gebrauchen, kann immens vill iwwert dei leit
soen. t'ass eng ganz wessenschaft... :-)
(natiirlech, wanns de dees bewosst bass, kanns de daat och gezielt
manipuleieren... daat ass dei aaner sait... ;-)

an aaneren wieder, t'emotiounen sou wait wei meiglech aus dem internet
rausloosen... :)

merde, lo hun ech jo een halwen roman getippt. ech verzeien mech, muss an
4 stonnen opstoen an t'chimie laafen. um 6pm 4 stonnen geschicht. an
dotescht een ganzen koub aaner saachen ze maachen........ q-;

cu
bartosz


FTHenry

unread,
May 28, 1997, 3:00:00 AM5/28/97
to

On 28 May 1997 05:47:09 GMT in a galaxy far away, Jedimaster

sirg...@aol.com (SirGanjah) felt the power of the Force and decided to
let us all take part of these wise thoughts:

>wisou hellst de daat sou seriou and tipps sou vill? :-) relax, den numm


>vun deser ng implizeiert nemmen eng eenzeg aschraenkung waat den contenu
>ugeet: dass daat waat dran gepost get op letzebuergesch ass, oder, wann
>net, op mannst an iirgendengem entfernten senn mat letzebuerg ze dinn
>huet.

Salut!

Tippen as main Hobby :-) Ech gin der jo och total Recht, mä Du hues
vlaischt meng Nath(h)alie-Aktioun net mattkritt. Dorobs hin sin 3 Leit
fortgelaaf, aanerer waren net frou. OK, dat war och en Fake, ann Fakes sin
ann kenger NG erwenscht...

> daat waats du als "futti maachen" bezeechenst ass also nach emmer total
>"legal", kannst also naischt dogeint maachen an sollst och net (keyword
>"zensur"). deng meenung posten ass aawer emmer erlaabt, egal an waat fiir
>engem styl se zu wuert bruecht get (keyword "downwards compatiblity", een
>vun mengen leschten msg'en).

Ech hun souwisou guer net welles, eppes ze machen. Mir soll et Recht sin,
wann et hei en besschen méi hard hiergeet. Leider kennen déi meescht
naischt astiechen, an verpissen sech, nodeems se engem aaneren d'Schold
drun gin hun, dass sie gin. Deen aaneren huet dann den Rescht géint sech,
ann deen verschwend dann och nach... Eben Letzebuerger! Ech hun och schons
probéiert, ze soen, wat ech geduecht hun, dat kennt net unn...

> ech hun och kengem geschriwen en sollt sech aus daer ng verzeien, ech hun
>se jhust vernannt. wann dei selwecht leit elo an naechster zukunft eppes
>aaneschtes hei posten, maachen ech miir een bild vun hinnen noom neisten
>posting an aenferten deementspriechend.

Esou soll et jo och sin. Wann een zu mir seet, ech soll futtigoen, kritt en
eng Aentwert, déi sech gewesch huet. Wann et muss sin, machen mer eben eng
Flamewar, ann aaneren NG's kucken ech dat gären no!!! Wann ech selwer
implizéiert sin, em sou besser. Ween mech beleidegt, kritt eng Beleidegung
zreck, domat muss hien jo och rechnen.

> wanns de sees dass dei ng "stierwt" oder "futti gemaacht" get duerch dei
>mei hetzeg "interluden", muss de jo eng zimmlech niddreg meenung vun daer
>ng an hiirer zukunft hun! :-) domat gess de jo zou dei "manner
>intelektuell" threaden eng bedrohung fiir t'integriteit sin. wanns de sou
>eppes denkst, waert den internet dech zu doud frustreieren. ech liesen
>dess ng emmer, op mer gefaellt waat ech liesen oder net. heiensdo mellen
>ech mech och mool oder posten selwer eppes, haenkt dovun oof weivill
>loscht/zait ech hun matzemeschen. haaptsaach ass aawer t'ass eppes lass
>ass, dass de t'"liewen" vun enger spezifescher "community" matkriss. ech
>waert ophaalen t'alt.letzebuerger ze liesen wann se mer zevill langweileg
>get... :-)

See Nat(h)alie, Darkman, Lucifer, Jacques Santer, Helmut Kohl. Fir mech
huet deen ganzen Schrott naischt geschued, mä zur allgemeiner Beleschtegung
beigedroen. Et gin awer Leit, déi do aanerer Meenung sin. Et misst een
einfach emdenken, ann 'Keen Verloscht' soen, wann alt erem een senger Wee
geet, wéinst esou eppes. Leider verléieren mer circa 10% vun den Leit, wann
een geht :-( Langweileg get et dann ob eemol hei. Ech hat den Weekend
probéiert, emol net ze posten, du kanns jo gären nokucken, wat nach hei
lass war. Et mussen dach awer méi Letzen online ewéi dat gin!!! Den Laurent
schengt jo d'Flemm kritt ze hun, hien liest awer nach (Salut Laurent! Nach
emmer roosen fir naischt???). Deen huet sech och eng Geschicht zesummen
gesponnen, ann schwetzt net méi matt mer. Pech fir HIEN!!!

>ech gesin dei ganz internet saach sou: internet ass keng plaaz fiir frenn
>oder feinden ze maachen, duerno sichen ech och net. text ersetzt net een
>mensch "live" kennenzeleieren. internet ass fiir t'zait ze verdreiwen, mat
>leit schwetzen an bla bla bla, mee emmer sech bewosst sin dass daat waat
>een um bildschirm gesait nemmen folgen vun bytes sin...
>mee, an der aart an weis wei leit tippen, waat fiir eng wieder se
>gebrauchen, wei se t'saetz dreien, wei se hiiren "point" developeieren,
>wei se dei divers smiley's gebrauchen, kann immens vill iwwert dei leit
>soen. t'ass eng ganz wessenschaft... :-)
>(natiirlech, wanns de dees bewosst bass, kanns de daat och gezielt
>manipuleieren... daat ass dei aaner sait... ;-)

Do hues de awer elo total Recht! Hannert eiser Tastatur sin mer anonym, ann
mir mussen kengem an d'Aen kucken, wann mer 'schwetzen'. Dat huet seng
Virdeeler, d'Leit sin méi éierlech. Ech gleewen net, dass der vill gezielt
manipuléieren, dat as gudd, wanns de nemmen all Woch een Posting mechs.
Wanns de dech awer 10 Mol den Dag muss emstellen, ob een, deens de net bas,
kriss de séier d'Flemm dermatt. Et sin gewéinlech déi éischt Postings, déi
aanescht sin, well d'Leit sech nach net esou richteg trauen. Wann se dann
bis gesinn, dass hinnen naischt geschéien kann, gin se schon sie selwer. Du
fenns effektiv enorm vill eraus.Wanns de wells wessen, ob se sech
verstellen, géi kuck Déjànews, do fenns de et eraus, falls se och nach
aanerwärts posten.

>an aaneren wieder, t'emotiounen sou wait wei meiglech aus dem internet
>rausloosen... :)

Firwat, dann bas de net méi éierlech! Den Mensch as eréischt hien selwer
duerch seng Emotiounen, wann mer alles kaal ann sachlech betruechten,
kennen mer an d'Politik goen ;-)

>merde, lo hun ech jo een halwen roman getippt. ech verzeien mech, muss an
>4 stonnen opstoen an t'chimie laafen. um 6pm 4 stonnen geschicht. an
>dotescht een ganzen koub aaner saachen ze maachen........ q-;

Geseis de, dat waren deng Emotiounen :-) Du wolls nemmen 3 Zeilen tippen,
mae et huet der keng Rouh gelooss!

Greets,

Thierry


Bartosz Dietrich

unread,
May 29, 1997, 3:00:00 AM5/29/97
to

salut thierry,

>Tippen as main Hobby :-) Ech gin der jo och total Recht, mä Du hues
>vlaischt meng Nath(h)alie-Aktioun net mattkritt. Dorobs hin sin 3 Leit
>fortgelaaf, aanerer waren net frou. OK, dat war och en Fake, ann Fakes sin
>ann kenger NG erwenscht...

ech dei saach sou hallef matkritt. wei ech dem "natalie" sain original msg
gelies haat, waar et mer duerch den kapp gaang fiir ze reply'en. hun ech aawer
schlussendlech sin geloos, ech sin souwisou wait vun letzebuerg an ech wosst
net waat ech deem sollt erzielen. wei et sech sou rausstellt, haat ech recht
net ze aenferen... :) wei gesoot, ech hun dei geschicht sou hallef
matverfollegt mee net genau. haat keng loscht mech anzemeschen... :)

>Ech hun souwisou guer net welles, eppes ze machen. Mir soll et Recht sin,
>wann et hei en besschen méi hard hiergeet. Leider kennen déi meescht
>naischt astiechen, an verpissen sech, nodeems se engem aaneren d'Schold
>drun gin hun, dass sie gin. Deen aaneren huet dann den Rescht géint sech,
>ann deen verschwend dann och nach... Eben Letzebuerger! Ech hun och schons
>probéiert, ze soen, wat ech geduecht hun, dat kennt net unn...

heiensdo mecht et tonnespaas, wanns de total futti aus der schoul kennst, dech
bei den computer ze setzen an mat leit streiden. wanns de och nach mengs du
wierst op der richteger sait, ass et nach besser... :-) an der
alt.letzebuerger schengt den dejanews jo zimmlech in ze sin fiir leit
"nozespioneieren". du hues och schon wahrscheinlech noo miir gesicht an meng
hetzeg debatte mat verschiddenen nationalisten matkritt... :)

>Esou soll et jo och sin. Wann een zu mir seet, ech soll futtigoen, kritt en
>eng Aentwert, déi sech gewesch huet. Wann et muss sin, machen mer eben eng
>Flamewar, ann aaneren NG's kucken ech dat gären no!!! Wann ech selwer
>implizéiert sin, em sou besser. Ween mech beleidegt, kritt eng Beleidegung
>zreck, domat muss hien jo och rechnen.

ben jo, t'ass sou wei et leeft... :-)

>See Nat(h)alie, Darkman, Lucifer, Jacques Santer, Helmut Kohl. Fir mech
>huet deen ganzen Schrott naischt geschued, mä zur allgemeiner Beleschtegung
>beigedroen. Et gin awer Leit, déi do aanerer Meenung sin. Et misst een

jo, ech hun zwaar naischt drop geaenfert mee se gelies, eng keier gelaach,
geduecht "cool, dei sin all am gaang duerchzedreien" an weider gelies. domat
haat ech nees "entertainment" fiir eng minut mei gehaat. sou soll et sin... :)

>einfach emdenken, ann 'Keen Verloscht' soen, wann alt erem een senger Wee
>geet, wéinst esou eppes. Leider verléieren mer circa 10% vun den Leit, wann

daat dass net vill leit hei sin leit och un der greisst vum land an dorun dass
internet reischt ufaenkt richteg populaer ze gin. do kanns de nemmen waarden,
et waerten emmer mei leit online goen...

>een geht :-( Langweileg get et dann ob eemol hei. Ech hat den Weekend
>probéiert, emol net ze posten, du kanns jo gären nokucken, wat nach hei
>lass war. Et mussen dach awer méi Letzen online ewéi dat gin!!! Den Laurent
>schengt jo d'Flemm kritt ze hun, hien liest awer nach (Salut Laurent! Nach
>emmer roosen fir naischt???). Deen huet sech och eng Geschicht zesummen
>gesponnen, ann schwetzt net méi matt mer. Pech fir HIEN!!!

keng angscht, usenet ass sou "addictive", dei leit kommen all freier oder
speider rem... :-)

>Do hues de awer elo total Recht! Hannert eiser Tastatur sin mer anonym, ann
>mir mussen kengem an d'Aen kucken, wann mer 'schwetzen'. Dat huet seng
>Virdeeler, d'Leit sin méi éierlech. Ech gleewen net, dass der vill gezielt
>manipuléieren, dat as gudd, wanns de nemmen all Woch een Posting mechs.
>Wanns de dech awer 10 Mol den Dag muss emstellen, ob een, deens de net bas,
>kriss de séier d'Flemm dermatt. Et sin gewéinlech déi éischt Postings, déi

ech mengen elo net dass de dech sollst fiir all posting verstellen. souguer
(an viirun allem) den eischten posting vun engem seet immens vill iwwert seng
perseinlechkeet aus. an daat muss naischt sin waat direkt an t'aan stecht,
meeschtens sin et eben dei finessen an dei kriss de bewosst iwwerhaapt net mat
ausser wanns de daat gezielt analyseierst. wanns de een msg liest, mechst de
der onbewosst een bild vun deem deen den msg getippt huet, t'ass eng ganz
psychologie... :-)

>aanescht sin, well d'Leit sech nach net esou richteg trauen. Wann se dann
>bis gesinn, dass hinnen naischt geschéien kann, gin se schon sie selwer. Du
>fenns effektiv enorm vill eraus.Wanns de wells wessen, ob se sech

daat klengt vllaicht elo bescheiert, mee souguer bei deenen eischten msg'en
vun leit wann se nei sin, sou wei se sech viirstellen an vun daer art an weis
wei se hiirt "sech net trauen" schlussendlech iwwerwannen, seet schon immens
vill aus. ech haalen mech fiir een zimmlech gudden menschekenner (live an
internet) well bis elo meng "eischt impressiounen" ganz raar falsch waaren.
iirgendwann eng keier hun ech dann no enger mei logescher/systematescher
erklaerung fiir dei "eischt impressiounen" gesicht an hun ugefaang emailen,
usenet mailen an chat room gespraecher bessen mei drechen ze ennersichen an ze
verglaichen...

>Firwat, dann bas de net méi éierlech! Den Mensch as eréischt hien selwer
>duerch seng Emotiounen, wann mer alles kaal ann sachlech betruechten,
>kennen mer an d'Politik goen ;-)

vun politik haalen ech net vill, do ass et eischter em fric an perseinlech
fiirdeeler wou et sech dreint...
ok, du hues recht, ech mengen elo net du sollst net eierlech sin. waat ech
wollt soen, du musst een eegenen eck am gehiir reserveieren fiir alles waat
mat internet ze dinn huet. an deem eck hues de all deng normal
liewens-funktiounen, och emotiounen, mee daat ass eben nemmen fiir internet.
iers de eppes aus deem "internet-eck" erlaabst fiir deng "live" emotiounen ze
steieren, erenner dech drun dass et zwaar emotiounen sin, mee wouhiir se
kommen an ob et der waert ass fiir dech wiirklech "mam haerz" ze engageieren.
t'ass sou wei an am programmeieren:

type TheRealWorld = object
logic : property1;
commonsense : property2;
procedure emotions; virtual
procedure speech (blabla);
[...]
end;

type InternetWorld = object (TheRealWorld)
procedure emotions; virtual;
[...]
end;

bemierk dass nemmen emotions eng 'virtual' procedur ass. logik an commonsense
sin an beiden (real world an internet) selwecht. emotiounen gin aawer aanescht
behandelt oofhaengeg ob se lo vum real world oder vum internet kommen. waat
ech well soen, vun emotiounen sollst de 2 sets hun, an dei zwee och getrennt
haalen an all interaktioun kontrolleieren... :-)

>>merde, lo hun ech jo een halwen roman getippt. ech verzeien mech, muss an
>>4 stonnen opstoen an t'chimie laafen. um 6pm 4 stonnen geschicht. an
>>dotescht een ganzen koub aaner saachen ze maachen........ q-;
>Geseis de, dat waren deng Emotiounen :-) Du wolls nemmen 3 Zeilen tippen,
>mae et huet der keng Rouh gelooss!

jo! an schon nees eng keier... :-)
ech verzeien mech, t'get zait dass ech vllaicht no engem dokter sichen gin
fiir mein handgelenk noozekucken. hun et geschter beim rollerbladen verstaucht
oder sou eppes. t'ass geschwollen, deet wei an ech hun naechst woch eng studio
session, bis do ass et hoffentlech an der rei... t'ass een komescht gefill
fiir alles mat der lenkser hand mussen ze tippen... :-)


cu
ganj

0 new messages